Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Tja (feat. Nené Vásquez)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et verwiisst een iergendwéi mat där Persoun"

Lou Koster: Komponieren in Luxemburg

"Et verwiisst een iergendwéi mat där Persoun"

Wéi d'Lou Koster 1973 stierft, ass si virun allem als Komponistin vum Oratorium "Der Geiger von Echternach" an Erënnerung bliwwen. Lues a lues ass awer och hir aner Musek nees entdeckt, opgeschafft an opgeholl ginn, dacks ënner dem Impuls an der Mataarbecht vun der Musikologin Danielle Roster. Elo huet si déi alleréischt Monographie iwwer d'Lou koster publizéiert.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Studio Light and Shade

Eigentlech sollt d'Danielle Roster am Kader vun der Serie "Europäische Komponistinnen" eng Biographie iwwer Germaine Tailleferre schreiwen. Well et awer onméiglech war un déi néideg Quellen ze kommen, huet d'Musekologin den Editeurinnen Anette Kreutziger-Herr a Melanie Unseld proposéiert, eng Monographie iwwer d'Lou Koster ze schreiwen. Déi lëtzebuergesch Komponistin wier zu deem Zäitpunkt am Ausland nach onbekannt gewiescht.

"Grad dat huet si interesséiert, well Lëtzebuerg am Fong e wäisse Fleck an der internationaler Museksgeschichtsfuerschung ass."

Zanter Joren en Thema

D'Danielle Roster fënnt et flott, datt si sech esou laang mat deem Projet beschäftege konnt. Doduerch hätt si d'Chance gehat nach vill Leit ze begéinen an ze interviewen, déi haut net méi liewen.

Bei Komponistinne wier et dacks de Fall, datt si zu Liefzäiten zwar bekannt waren, no hirem Doud awer komplett am Vergiess gelant wieren. Duerch d'Beméie vum Venant Arent a sengem Ensembel Onst Lidd wier dat bei der Lou Koster allerdéngs net geschitt.

"Do hu mir absolut Glécksfäll, vun Ierwen a vu Frënn a Bekannten, déi immens frou sinn hiert Wësse matzedeelen."

Eng grouss Viraarbecht

Vill Dokumenter wieren am Privatbesëtz gewiescht. Wann een an d'Nationalbibliothéik oder an d'Archive gaange wier, hätt ee relativ wéineg fonnt. Dofir wier et virum Schreiwe vum Buch néideg gewiescht en Archiv ze grënnen, fir d'Dokumenter ëffentlech zougänglech ze maachen. Dësen Archiv ass elo am CID Fraen an Gender.

Lou Koster: Eng Komponistin

An hirer ganzer Biographie géif een eppes bemierken, dat een och a villen anere Biographië vu Komponistinnen erkenne kéint. Et wier e Liewenslaf, deen duerch immens vill Bréch markéiert wier. An der Lou Koster hirer Zäit hätten d'Fraen nach net dee selwechten Zougang zu Ensembele gehat, wéi hir Kolleegen, sief dat d'Militärmusek oder d'Direktioun vu Chéier.

"Als Komponistin huet een ëmmer iergendwéi missen esou Nische sichen, déi awer och nëmmen zäitweis funktionéiert hunn. Esou eng Nische war bei der Lou Koster zum Beispill d'Kaffeehaus-Musek."

Gläichzäiteg fënnt een an der Lou Koster hirer Biographie och d'Element vun der Isolatioun, vum Net-verstane-ginn. Als Beispill nennt d'Danielle Roster en Interview mat hir vum Pol Aschmann vun 1950. Et géif ee mierken, datt hie sech beméit hätt, an datt hien en häerzlecht Verhältnes zu hir gehat hätt. Trotzdeem géif hien direkt am éischten Abschnitt soen, datt et an der ganzer Geschicht keng Komponistinne ginn hätt, déi e Wierk vu Valeur geschriwwen hätten.

"Am zweeten Abschnitt beschreift hie si am Fong esou ganz typesch wéi Frae beschriwwe ginn, am haisleche Kader. De Blummestack gëtt beschriwwen, d'Rideauen déi do hänken, also eppes wat am Fong inimaginabel wier, fir e Portrait vun engem männleche Komponist."

Keen Ofschloss

No all de Joren, an deene sech d'Danielle Roster mat der Lou Koster beschäftegt huet, gesäit si hir Monographie net als Ofschloss. Och wa si elo e ganz neien Horizont opmaachen an nei Theme musekswëssenschaftlech ugoe wëllt, ass d'Musekologin dovun iwwerzeegt, datt d'Lou Koster si och an Zukunft begleet.