Seng Zäit richteg kënnen ze doséiere wier als fräi schaffende Kënschtler scho schwiereg genuch. Fir déijéineg an der Band, déi d'Musek nieft dem Beruff an de Kanner doheem nach maache missten, kéint et séier ze vill ginn.
Och wann näischt éiweg bleift, hätt een awer eng Bull am Hals, wéi de leschte Concert e Samschdeg am Flying Dutchman war. Et wier e flotten Ofschloss gewiescht.
Eleng optriede wier elo direkt net de Plang. Mat Legotrip wier et eng besonnesch Dynamik gewiescht a Memberen ze ersetze géif kee Sënn maachen.
Als Jonke wier den Dram gewiescht an d'Ausland ze goen. "Bei mir huet sech eppes aneschtes erginn." Et wier ufanks net evident gewiescht, d'Lidder op Lëtzebuergesch ze spillen. D'Leit hätte gesot "firwat mëss de dat dann?", "dat versti just Lëtzebuerger", "däi Publikum gëtt méi kleng" an esou virun. De Contraire wier awer geschitt. Als Kënschtler géif hien net tëschent Ausland a Lëtzebuerg ënnerscheeden.
"Den Dram ass, wann s de kanns deng Aarbecht maachen, dovunner liewen, an datt s de e Publikum hues, deen s de domat kanns beréieren."