Salami Rose Joe Louis - Chapters of Zdenka Eng Visitt am Gerëmpels-Eck

Als Making Of vun hirem Debut-Album, deen d'lescht Joer erauskoum, ass "Chapters of Zdenka" wéi eng Visitt an der Salami Rose Joe Louis hirem Gerëmpels-Eck. De Marc Clement hëlt mat op Besuch, an eisem Album vun der Woch.

Marc Clement / cz

Chapters of Zdenka

Déi nei Plack vun Chapters of Zdenka kann een als eng Art Making Of vun der Bay-Area Ex-Wëssnschaftlerin hirem Debut-Album "Zdenka 2080" gesinn. Et war ee komplexen a konzeptionellen Album, deen tëschent Dream-Pop an Jazz eng dystopesch Visioun vum Joer 2080 gezeechent huet, wou d'Welt vu groussen Entreprisë geleet gëtt. D'Plack ass nëmmen ze recommandéieren, sécherlech eppes, wat een als Wild Ride bezeechne kann.

De Plackelabel leet perséinlech Wierder vun der (mam biergelechen Numm) Lindsay Olsen Kënschtlerin weider. Déi éischt Hallschent vun der Plack wiere Songs, déi si als eng Aart Therapie geschriwwen hätt, an déi Entréeën an engem Journal gläichen. Vun der Angscht, de Verstand ze verléieren, erziele se a vum Duercherneen, deen am Kapp entseet, wann ee sech Fantasiereesen an Zukunftsvisioune ganz higëtt. Och de Wonsch, hir sozial Konditionéierung als Fra ofzeleeën, schwätzt aus der Salami Joe Rose Louis hirer iwwerdréiter Musek.

Fligeren déi starten, mee ni landen

Den Nolauschterer kann déi Songs, déi seele vill méi wéi zwou Minutten daueren, als Fligere gesinn, déi een nom anere starten, mee ni landen. Wéi Bréifdauwen oder Fläschepost verléiert sech all Ufank an enger verréckter Envolée. Dës Grondbeweegung no uewen hëlt enger potenziell melancholescher Sammlung vu Lidder hire Bass, an et rappt ee grouss d'Aen op bei deenen éischte Blécker an der Salami Rose hir Bannewelten.

Bedroom-Pop vun där intiimster Zort kann hei op eemol rhythmesch matrappen, wéi op "We're Dumb" oder "Cosmic Dawn", wärend der Songwriterin hir vill superposéiert Stëmmen ënner Landschafte mat grousser Komplexitéit ausmolen. An Terme vu Struktur ass hei alles labber, verwëscht a kuerzlieweg. Téin forme sech wéi Damp, krausele sech an der Loft an heemelen d'Oueren. Um Enn vun der Plack suergen e puer käreg Remixe fir eng aner Zort vun Niwwel an Iwwerschneidung: déi vun der Kollaboratioun. Si komme vun der Georgia Anne Muldrow a vum Dakim a sinn absolut top.

Eng Erfarung wäert

Et freet ee sech, ob "Chapters of Zdenka" wierklech gemaach ass, fir méi wéi eemol gelauschtert ze ginn, ob et net vläicht eng eemoleg Rees ass, vun där ee sech soll erféiere loossen, a se dann erëm vergiessen. Mee do ënnerschätzt een der Salami Rose hiert Kënnen. Dose vu Mini-Hooks, a fräier Form iwwer d'Plack verstreet, wuerme sech an d'Conscience a bréngen een zeréck. Esou sinn d'"Chapters of Zdenka" eng Iwwerraschung, op enger ganz onerwaarter Plaz, een onerwaarte Gaascht, dee mat engem komesche Cadeau kënnt. Loosst Iech d'Erfarung net entgoen.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Schlofzëmmerbléck elo op Vinyl
Lëtzebuerger Musek

Am Lockdown hate 13 Musekerinnen a Museker Lidder fir de radio 100,7 geschriwwen an opgeholl. Elo ass de Schlofzëmmerbléck als Vinyl ze kréien.

Rockhal PK2020
Concerten

Déi meescht Concertshaiser hunn dëst Joer trotz Pandemie eng Programmatioun fir d'Rentrée proposéiert. D'Rockhal huet dat net gemaach. Amplaz wéilt ee sougenannt Pop Up Sessions organiséieren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen