Stories of the Soul Eng virtuell Première

Eigentlech wollten den Amstel-Saxophon-Quartett an de Sänger Anass Habib d'Première vun hirem Programm Stories of the Soul am Kader vum LiteraTour 2020 zu Beetebuerg am Schlass spillen. Well de Concert wéinst der Corona-Pandemie ofgesot gouf, hunn d'Museker kuerzerhand decidéiert hir Première online ze presentéieren.

Luc Boentges

Amstel Quartet 2
Foto: Amstel Quartet

De Bäitrag vum Luc Boentges lauschteren


Den Amstel Quartet an den Anass Habib proposéieren ënner anerem arrangéiert Lidder vum Kulthum. Och wann déi véier Museker schonn eenzel Stécker aus dem arabesche Repertoire interpretéiert hunn, ass "Stories of the Soul" deen éischte Programm, deen exklusiv dëser Musek dediéiert ass.

Ausléiser: En Optrëtt op der Tëlee

Entstanen ass dëse Projet op Initiativ vum Saxophonist Olivier Sliepen. Hie wier well ganz laang faszinéiert vun der arabescher Musek a wier iwwer eng Fernseesendung op den Anass Habib opmierksam ginn.

"Dunn hunn ech geduecht: 'Komm ech kontaktéieren deen emol, ob een do vläicht eppes zesumme kéint probéieren'."

Eng nei Klangsprooch

Ugefaangen huet d'Zesummenaarbecht mat e puer Arrangementer. Mëttlerweil probéiere si dëse Programm ëmmer weider auszebauen. Fir dat ze realiséieren hu sech d'Saxophonisten missen an dës nei Klangsprooch, mat hire Véierelstéin a Verzierungen, aschaffen.

"Wéi dat alles funktionéiert, dat hu mir eigentlech méi duerch hien [den Anass Habib] geléiert, wat och ganz interessant war un dësem Projet."


De Stream vun der virtueller Première kënnt Dir e Sonndeg, de 15. Mäerz hei kucken.

Méi zum Thema

Gast Klares
Klangbiller

Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vun engem Mënsch mat engem zimmlech breede musikaleschen Horizont. Dës Kéier geet et op Betzder an de kuriéise Klang-Atelier vum Gast Klares.

Marco Battistella
Auswierkunge vum Coronavirus

D'Ofso vun de ville Concerte bedeit eng schwéier Zäit fir all déi, déi vun dëser Branche ofhängeg sinn. Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt de Produzent Marco Battistella en Abléck a seng Situatioun.

Riicht Eraus
Riicht Eraus

Musek faszinéiert Jongen a Meedercher am selwechte Mooss. An der Museksausbildung si béid Geschlechter gläich vertrueden. Et wielen awer vill méi Männer e Beruff an der Musek wéi Fraen.

Fazil Say
De Fazil Say am Interview

Ronn 90 Stécker huet de Fazil Say komponéiert, dorënner Orchesterwierker, Kammermusek a 15 Concertoen. Ee vun dëse 15 Stécker interpretéiert hien an der Philharmonie: De Pianosconcerto mam Titel "Water".

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen