Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng réi a plakeg Experienz mat menge Kollegen"

Album vun der Woch

"Eng réi a plakeg Experienz mat menge Kollegen"

Am déiwen dompege Summer zu New Orleans huet de Big Thief Gittarist seng nei Plack opgeholl. Dynamik, Improvisatioun an Imperfektioun war am Prozess essentiell. De Museker gëtt eis en Abléck an dës spontan kollaborativ Kreatioun.

auto_stories

6 min

Foto: Josh Goleman

"Two Saviors" hällt eng Transitiouns-Period am Buck Meek sengem Liewe fest: d'Trennung vu senger Partnerin Adrianne Lenker mat där hien d'Band "Big Thief" leet.

E Floss vu Péng, Heelung an Entdeckung

Eng Plënner vum urbanen Dschungel Brooklyn eriwwer an den idylleschen Topanga Canyon op där anerer Säit vum Land, a Kalifornien.

Den Album bezeechent hien als eng Zesummesetzung vu klenge Priedegten a Visiounen, déi sech aus engem konstante Floss vu Péng, Heelung an Entdeckung erginn hätten.

Musikalesch a lyresch befënnt ee sech an enger duseleger Zone, wou d'Gefiller an d'Stëmmungen zwiispälteg an der Loft hänken. Eelef kleng Vignetten héiert een op "Two Saviors", kleng Gedichter déi sech ongeschlaff a lassgeléist an d'Ouer schläichen.

Net méi wéi zwou Opname pro Lidd

Wou de Buck Meek bis d'Lidder fäerdeg hat, huet e säin zouverlässege Produzent Andrew Sarlo engagéiert. E Personnage, dee sech och hanner sengem leschte Solo-Wierk an de véier Big Thief Albe verstoppt. Dësen hat dann och déi besonnesch Iddi d'Plack zu New Orleans opzehuelen, wärend der wäermster Period vum Joer, an engem alen, elegantem Haus.

Keng Kopfhörer fir d'Museker, net méi wéi zwou Opname pro Lidd a kee lauschtere vun den Enregistrementer bis um Enn vun der Woch. Moies hunn di fënnef Museker gemittlech hire Kaffi gedronk, hunn dem Buck Meek säi Lidd vum Dag kuerz kennegeléiert an opgeholl.

Duerno eng Siesta, Mëttes duerch d'Stroosse vun New Orleans geschlendert, e Beignet am Café du Monde giess, laanscht de Mississippi getrëppelt, éier dann Owes nach emol eng Opnam gemaach ginn ass.
Dëse Prozess éiert Imperfektioun an Dynamik, d'Lidder si frësch bliwwen, hu missen intuitiv mat vill Improvisatioun ugepakt ginn.

D'Magie vun onveraarbechter Musek

Dës onkomplizéiert talentéiert Trupp schafft hei komplett am Déngscht vum Buck Meek senger Beat-Poesie. Seng Texter zaubere komesch Visiounen ervir, déi hie mat sengem Süd-Staate Accent knat a op onerwaarte Manéier erausspäizt. Wien d'Magie vun onveraarbechter, réier Musek appreciéiert kritt op "Two Saviors" méi wéi genuch op den Teller placéiert. Dem Buck Meek säin zweet Solo-Wierk glënnert am groe Wanter, an zelebréiert spontan kollaborativ Kreatioun.



Jamie Reinert: Den Opnam-Prozess fir däin neien Album kléngt immens charmant op Pabeier. E schéinen ale Manoir zu New Orleans, flénk Museker an e staarke Produzent deen all d'Niewesächlechkeeten aus dem Wee raumt. War dat Ganzt esou idyllesch wéi et kléngt?

Buck Meek: Jo, et war eng réi a plakeg Experienz, einfach mat menge Kollegen ze sinn. Also mir waren net wierklech plakeg. Mir hate Kleeder un.

Dat gesot war et jo awer di wäermsten a fiichste Period vum Joer zu New Orleans.

Jo, lo wou s de et sees ware mer tatsächlech hallef plakeg. (laacht)

Waren d'Lidder schonn all ausgebaut wou dir zu New Orleans opgedaucht sidd oder sinn der e puer wärend den Opname geschriwwe ginn?

Si waren all fäerdeg. Ech hu se iwwer e Joer lues a mat vill Intentioun am Topanga-Canyon a Kalifornien geschriwwen. Duerfir wollt och mäi Produzent Andrew Sarlo dat ganzt mat dem besonneschen Opnam-Prozess balancéieren, dat Filigraant mat eppes méi Instinktivem ausgläichen.

Wéini sinn dann di bescht Opnamen entstanen?

Den Album ass eng Mëschung vu béidem. Moies war méi instinktiv well mir grad aus dem Bett eraus waren. D'Opname waren do méi vum Ënnerbewosstsinn markéiert, dem Dram Zoustand. Owes war méi bewosst, e bësse méi agespillt.

D'Band huet wierklech de Geescht vun denge Lidder agefaangen. De Mat Davidson, Multi-Instrumentalist, de Mann hannert dem Projet "twain", den Adam Brisbin mat senger experimenteller an dach buedemstänneger Gittar. Den Austin Vaughn op der Batterie, däi Brudder Dylan Meek op Keys. Wat appreciéiers de am meeschte bei dëse Museker?

Si hunn all e breede Spektrum an hirer Musikalitéit, hirer Liewenserfarung. De Mat Davidson ass menger Meenung no e richtege Poet. E meditéiert, geet mat vill Intentioun duerch d'Liewen. E kann och praktesch all Instrument spillen. Geet un all Instrument mat enger Kuriositéit an Duussheet vun engem Kand erun.

Mäi Brudder Dylan ass e Pianist, deen de Geescht vum Jazz a sech dréit. De Geescht vun enger anerer Zäit.

Den Austin Vaughn ass e fantastesche Jazz-Batteur, huet awer och klassesch Perkussioun geléiert. Mat senge kontrolléierten Hänn kann en aus alles e besonnesche Klang erauskëddelen. E kann e Pak Ramen-Nuddelen huelen an de schéinste Klang domat produzéieren.

E versteet d'Subtilitéit vum perkussive Phenomen, kann awer och haart op enger Batterie rocken. Den Adam Brisbin ass e Monster op der Gittar. En ass verzaubert wann e spillt. Op dësem Album wollt ech hinnen einfach all Fräiheet loossen. Hinnen nolauschtere wéi se ouni Preparatioun aus dem Bauch eraus spillen. Kucke wat passéiert wann ee Museker vun där Gréisst an en improvisatoresche Raum stécht.

Wann s de elo op di siwen Deeg zu New Orleans zeréckdenks, wat kënnt der an de Kapp?

"Two Moons (morning)" war déi zweet Versioun vum Stéck dat zoufälleg entstanen ass. Mir waren nach am Pyjama an hunn eis mat engem Lidd ameséiert. Mir woussten och net, datt den Andrew Sarlo schonn am Gaang war eis opzehuelen. An et héiert een einfach wéi jiddereen intuitiv spillt.

Et ass eng dreckeg Versioun vun deem Lidd, mee ech hunn déi einfach esou gär. Et héiert ee jidderengem seng Perséinlechkeet gutt eraus.

Du hues d'Lidder als kleng Priedegten a Visioune beschriwwen déi sech aus engem konstante Floss vu Péng, Heelung an Entdeckung erginn hätten. Wéi laang schaffs du un denge Lidder? Komme se spontan an engem Otemzuch eraus?

Heiansdo jo. Ech hunn an der Lescht vill versicht séier ze schreiwen. Déi Momenter wou ech mech zäitlech limitéieren, sinn ech dacks am meeschte mam Resultat zefridden. Se komme vun enger éierlecher Plaz wa se séier kommen.

Angscht, Zweiwel a mäin Ego verlangsamen de Prozess. Et ass immens einfach am Kreatiounsprozess dem Perfektionismus ze verfalen. Wat awer och ok ka sinn.

Lidder wéi "Two Saviors" hunn e Joer gebraucht fir fäerdeg ze ginn. An der lescht hunn ech en "Lidd pro Dag" Projet mat e puer Kolleegen um Lafen. Bal d'Hallschent vun de Lidder op "Two Saviors" komme vun deem Projet.

Kanns de eis nach e puer aner vun dengen essentielle Lidderschreiwer Tipps ginn?

Lidderschreiwen ass fir mech e Puzzle gläichzäiteg bauen a léisen. Symmetrie an Asymmetrie kreéieren. Bal geometresch un d'Aarbecht erugoen. Mat Reim spillen, Wuertspiller a verstoppte Geometrien am Lidd.

Doriwwer eraus versichen einfach esou éierlech wéi méiglech mat mer selwer ze sinn, present ze sinn, all Gedanken deen opdaucht ze éieren, ouni ze jugéieren.

Ech mengen dat ass dat Wichtegst: sech net ze jugéieren am Prozess. Spéider kann een ëmmer Ännerunge maachen wann ee wëll. Oder d'Lidd einfach ewechgeheien.