Nëmme Gewënner
1989 huet den UGDA-Concours ganz bescheide mat 20 Kandidaten ugefaangen. Antëschent huet d'Manifestatioun sech zu engem Podium entwéckelt, op deem Joer fir Joer nei Talenter ze entdecke sinn.
"De Concours ass d'Spigelbild vum gudde Museksenseignement, dee mer zu Lëtzebuerg hunn", seet de Paul Scholer, Direkter vun der UGDA-Museksschoul a Responsabele vum Concours. Wann een de Parcours vu fréiere Laureate suivéiert, erweist sech och d'Nohaltegkeet vum Concours. Vill vun hinnen hunn eng professionell Musekscarrière ageschloen a schécken haut als Enseignanten hir Schüler op de Concours.
![]()
"Bei eis gëtt et souwisou nëmme Gewënner", ënnersträicht de Paul Scholer d'Spezifizitéit vum Concours. All Kandidat, vum jéngste bis zu deem mat vill Erfarung, huet scho gewonnen, wann en de Schrëtt an d'Ëffentlechkeet, virun de Jury an de Public wot.
Keng Kompetitioun
Et ass besonnesch deen Aspekt, deen de jonke Pianist Val Kravos incitéiert, sech och dëst Joer nees eng Kéier ze presentéieren.
"Musek ass fir mech keng Kompetitioun. Musek ass fir mech Emotiounen a Kommunikatioun", seet de Museker, Laureat bei de viregten Editioune vum Concours.
![]()
De Val Kravos wëllt sech am Fong just u sech selwer moossen, säi Bescht ginn an domadder de Public mathuelen an iwwerzeegen.
Sprangbriet fir an den Orchester
Den Ofschlossconcert vum Concours spillt den European Youth Wind Orchestra ënner der Direktioun vum Jan Cober. Dësen Ensembel ass och e Resultat vum Concours a vun dem internationalen Netzwierk vu Museksconcoursen, der European Union of Music Competitions for Youth (EMCY), där hire President de Paul Scholer ass.
Als fréier Laureatin vum UGDA-Concours ass Trompettistin Tracey Lamberty-Wohles, zesumme mat fënnef weidere Lëtzebuerger Museker, Member vum Orchester.
![]()
"Ech hat d'Chance, duerch de Concours kënnen an een internationale Musekscamp ze goen, wou ech vill Erfarung gesammelt an och vill Leit kennegeléiert hunn, mat deenen ech nach ëmmer a Kontakt sinn".
D'Trompettistin huet iwwer dee Wee fir sech net nëmme musikalesch Bagage gesammelt, mee ganz generell hiren Horizont erweidert.
![]()
D'Tracey Lamberty-Wohles spillt an der Centser Musek an nach an aneren Ensembelen, ass musikalesch grad esou engagéiert, wéi den , Trompettist an der Kayler Musek. Den Daniel Migliosi, deen och net déi éischte Kéier beim Concours dobäi ass, huet e besonnesche Faibel fir den Jazz.
radio 100,7-Pianospräis
Zanter dem Mee huet de radio 100,7 a sengem grousse Studio e Fligel, zur Verfügung gestallt vum Pianohaus Hübner, op deem ënner anerem d'Emissioun "Wäiss a Schwaarz" produzéiert gëtt. Fir de Concours luxembourgeois pour jeunes solistes huet de radio 100,7 e Präis gestëft - Präis fir de beschte Lëtzebuerger Pianist, deen d'Geleeënheet kritt, e professionellt Demo-Band ze produzéieren.
De radio 100,7 ass och mat engem Stand wärend dem Concours am Stater Conservatoire präsent.