Neijoerschconert "Eng Pandemie kann d'Musek net ophalen"

Ass en, oder ass en net? Nodeems vill grouss Chrëscht- an och Silvesterconcerten ofgesot goufen, gouf sech d'Fro gestallt, ob et den 1. Januar 2021 deen traditionellen Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker gëtt.

Guy Engels / cbi

Muti - Neijorschconcert 2021.jpg
Foto: Dieter Nagl

Den Orchester huet alles drugesat fir dat internationaalt Evenement kënnen duerchzezéien - muer de Mueren dann allerdéngs fir déi éischte Kéier ouni Public am Sall. "Et ass eng komesch Atmosphär", seet de Riccardo Muti, deen de Concert fir déi sechste Kéier dirigéiert. Keng Musek op den 1. Januar war awer keng Optioun fir den Dirigent.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Guy Engels
Lauschteren

Méi zum Thema

Yoav Levanon
Corona-Pandemie

Den israelesche Yoav Levanon ass ee vun de villverspriechendste jonke Pianisten am Moment. 2020 wollt hien eigentlech seng international Karriär lancéieren. Du koum alles anescht.

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: poesik

    jr-korpa-GQeSfSWmXvI-unsplash.jpg

    Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen