Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Momentopnam vun der Musekszeen am Confinement

Schlofzëmmerbléck

Eng Momentopnam vun der Musekszeen am Confinement

D'Annulatioun vun alle kulturelle Manifestatiounen huet dozou geféiert, datt vill MusekerInnen eleng doheem sinn. De radio 100,7 huet 13 KënschtlerInnen eng Commande gi fir e Lidd ze schreiwen an ze produzéieren. Deen éischte Song kënnt vu Francis of Delirium.

auto_stories

2 min

D'Jana Bahrich ass d'Stëmm an de kreative Kapp vu Francis of Delirium. Déi jonk Musekerin verschafft Indie, Emo a Grunge-Aflëss an hire Lidder.

"Et war net einfach fir mech ... Ech hu mech am Confinement forcéiert fir all Dag Musek ze maachen. Mee wann s de op eemol den Drock hues, datt s de ee Song muss fäerdeg maachen, frees de dech, oh mei, wat ass dat hei? Dofir hunn ech e puer Songs gemaach. An dunn hunn ech mech fir deen hei entscheet. Ech hunn eng Rëtsch Accorde benotzt, déi och a menger leschter Single 'Circles' virkommen. Vläicht hat ech dat Lidd am Kapp, well mir et wärend der Quarantän erausbruecht hunn."

radio 100komma7 · Francis Of Delirium - Let It In (Schlofzëmmerbléck)

"D'Lidd geet dorëms, mat sech eleng ze sinn, an all Dag an de Spigel ze kucken an ze soen, ech sinn hei an ech schaffe mat deem, wat ech hunn an ech schaffen un deene gudden Deeg an un deene schlechten Deeg. Vill Leit si méi introspektiv, well si agespaart sinn. Am Fong geet et drëms, mat engem al ze ginn, vun deem s de net wierklech fort kanns."

Schlofzëmmerbléck?

D'Zil vun der Aktioun Schlofzëmmerbléck ass et fir eng Momentopnam vun der Zeen an dëser ongewéinlecher Situatioun ze maachen, an déi musikalesch Kreatioun am Beräich vun der amplifiéierter Musek ze ënnerstëtzen an ze animéieren.

D'Lidder gi vun elo un ëmmer méindes, mëttwochs a freides um radio 100,7 diffuséiert a Mëtt Juni als Compilatioun verëffentlecht.

D'Museksredaktioun vum radio 100,7 huet Musekerinnen a Museker selektionéiert, déi hirer Meenung no pertinent a relevant sinn.

D'Aktioun Schlofzëmmerbléck gëtt vun der Action Culturelle vun der Sacem ënnerstëtzt.