Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng informéiert Ausernanersetzung mat der Vergaangenheet

Art d'Ecco - In Standard Definition

Eng informéiert Ausernanersetzung mat der Vergaangenheet

Mat Parréck, Make-up an nostalgesche Sounds geet de Kanadier Art D'Ecco un d'Aarbecht, eis Iddi vum selbstverwierklechten Individuum auserneen ze plécken. Säin Ausgangsmaterial fënnt hien am Verkleedungskult vum 70er Glam-Rock an 80er Pop, mee hei bleift hien net stoen. "In Standard Definition" geet net mat Nostalgie an d'Vergaangenheet sichen, mee mam Wonsch, eis haiteg Kommunikatiounsgesellschaft besser ze verstoen, fënnt de Marc Clement.

auto_stories

4 min

"Ech wëll aus der Perspektiv vum Publikum erzielen, deen Ënnerhalung consomméiert. Da wäert ech en Dréibuch a mengem Kapp schreiwen, an et ausspillen, ouni datt mäi Publikum noutwendegerweis d'Motivatiounen heifir kennt."

Esou beschreift de kanadesche Museker Art d'Ecco seng Approche zu senger zweeter Plack "In Standard Definition". Een Album iwwer de Showbiz also, och iwwer de Besoin unerkannt ze ginn a seng Faaldieren. De Personnage, deen dës thematesch Ënnersichung dréit, huet bei Art d'Ecco sengem Debut "Trespasser" virun dräi Joer Form ugeholl.

Een androgynne Personnage, neutral genuch fir allerlee Projektiounen op sech ze vereenen, fir fräi vu Geschlecht jiddwereen unzespriechen, dee verstréckt a Froe vun Ego a Persona e Wee sicht, sech ze positionéieren an ze definéieren. An Zäite vu soziale Medien an erhéichter Visibilitéit vu jiddwerengem si mir dat all bis op e gewësse Grad.

Dës éischt Plack war an der Stëmm vun engem introspektiven Aussesäiter geschriwwen. Seng thematesch a musikalesch Approche war déi vun enger Zäitkapsel. Et gouf an de 70er Joren an de Staaten de Brauch, esou eng Zäitkapsel am Buedem ze vergruewen, fir se spéider eemol erëm kënnen un d'Dagesliicht ze huelen: ee Liblingsbuch, eng Spillsaach, een Objet, eng Plack mat Musek, déi fir de Protagonist wichteg Erënnerungen an Iwwerzeegunge symboliséieren.

Den Disco Pop vu Blondie, de scho bal schauspilleresche Personnagekult vum David Bowie a Kassette voll vun 80er Joren Hits hat de Kanadier an dëser Plack versenkt, en Testament un déi perséinlech Dimensioun vu gedeelter Kultur.

Op "In Standard Definition" ginn d'Rollen ëmgedréint. Den Art d'Ecco schreift aus der Perspektiv vun engem Entertainment Star aus där Zäit, wou Biller a Standard Definitioun iwwer d'Tëleesecrane geflimmert sinn, keen High Definition oder Surround Sound. Säi Move ass clever an intellektuell éierlech. Well wou soss hätte sech eis Iddie vu Selbstausdrock an Duerstellung, wéi se sech an eiser mediéierter Kommunikatioun ofzeechnen, gebilt, wann net der Stärestonn vun den extrovertéierte Superstaren, deemools wou de Bowie zum Ziggy Stardust gouf.

Am Géigesaz zu der Fëll u Retro-Musek, déi eis musikalesch Offer vun haut kennzeechent, ass dat heiten eng informéiert Ausernanersetzung mat der Vergaangenheet, méiglech Effekter op d'Géigewaart inklusiv.

Den Opener "Desires" setzt den Toun: d'Opstriewe vun enger spezieller Zort Selbstausdrock, net authentesch-direkt wéi zu den Ufankszäite vum Rock n'Roll, mee bewosst zesummegesat, komposit, hybrid, iddeëll, komplett mat symbolescher Schmink, opfällegem Kostüm an astudéierte Gesten.

Och musikalesch ass "In Standard Definition" sengem konzeptuellen Usaz trei. Ass et och a Moud, seng Placken haut analog op Tounband opzehuelen, fir de Sound vun de Glory Days ze reproduzéieren, mécht Art d'Ecco et richteg an erhieft de Gimmick zu engem bedeitungsvolle kënschtleresche Mëttel mat Déift.

D'Musek selwer ass ëmmer nach een Amalgamm vu Glam Rock, Disco a Synth-Pop, dee géif nostalgesch eriwwerkommen, wier do net deen ëmmer erëm intelligent hiergestallte Bezuch zur Géigewaart.

"In Standard Definition" ass keng verdaament Kritik vum Entertainment Business, egal wéi kritinéis verschidde vu sengen Aspekter sinn, an och keng nostalgesch Flucht an aner, glorifizéiert Zäiten. Et geet dem Art d'Ecco ëm eng historesch Vue vum Ego a vun der Persona an eiser Gesellschaft an an eisem Alldag, an ëm d'Validatioun vun engem Fräiheetswëllen, deen trotz sengen Inkonsequenzen an Nieweproduiten eist Liewen haut villäicht méi staark matbestëmmt wéi jeemools virdrun.