Nei CD vun der Cathy Krier Eng immens visuell Musek

Nom groussen internationale Succès vun hirem Schönberg-Album am Joer 2015, presentéiert d'Pianistin Cathy Krier elo hiren neien Disk: "Masques", mat Wierker vum Claude Debussy a Karol Szymanowski, publizéiert bei Avi-music.

Guy Engels

Cathy Krier.JPG
D'Cathy Krier huet hiren neien CD an der Philharmonie opgeholl

Dem Claude Debussy seng zwee Zyklen "Images" gehéieren zu deene wichtegste Wierker vun der Pianosliteratur iwwerhaapt a ginn deemno och dacks gespillt an enregistréiert. Dat war fir d'Cathy Krier kee Grond, "Images" net och opzehuelen. D'Pianistin ass nämlech ëmmer drop aus, kohärent Programme fir hir Disken zesummenzestellen. Bei där neier Produktioun sinn "Images" vum Debussy a "Masques" vum Szymanowski déi perfekt Kombinatioun.

"Ech hunn et ganz einfach interessant fonnt, béid Zyklen zesummenzesetzen", seet d'Pianistin. "Et ass Musek, déi immens visuell ass."

Dem Claude Debussy seng ganz atmosphäresch Schreifweis huet dem Cathy Krier et ugedoen. "Den Debussy gouf schonn zu Liefzäiten als Impressionist consideréiert, wat him guer net gefall huet. Hien huet léiwer vun Atmosphäre geschwat!"

An déi Atmosphären erëmzeginn, dat ass déi grouss Erausfuerderung fir den Interpret - nieft deenen enormen techneschen Ufuerderungen.

Begeeschterung fir de Szymanowski

Déi zwee Zyklen "Images" bestinn aus jeeweils dräi kuerze Stécker mat Titele wéi "Reflets dans l'eau" oder "Poisson d'or". "Dës Titele si ganz wichteg", seet d'Cathy Krier. Si ginn eng gewëss Stëmmung un, "an dann ass et um Interpret, seng Fantasie spillen ze loossen. Duerfir ginn déi Stécker och ni langweileg!"

Déi selwecht Begeeschterung wéi fir den Debussy huet d'Cathy Krier och fir dem Karol Szymanowski seng Musek. De polnesche Komponist war ganz frankophil - dat héiert een och a senger Musek. "An ob emol mécht hien eng 180-Grad-Kéier, a mir fannen eis an enger ganz anerer musikalescher Welt erëm", erkläert d'Cathy Krier.

De Karol Szymanowski schreift säin Zyklus "Masques" 1915/1916, ronn zéng Joer nom Debussy sengen "Images". "'Masques ginn zu Onrecht siele gespillt!" Eleng dat war schonn een Argument fir d'Cathy Krier, sech mat der Partitur ausenanerzesetzen. "Et ass eng mystesch Musek, d'Spigelbild vun hirem Komponist."

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

Olivier Sliepen, André Pons-Valdes, Pascal Meyer an de Guy Frisch
Zäitgenësesch Musek

Lucilin - Vergaangenheet a Géigewaart kommen zesummen. Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek, deen 1999 gegrënnt gouf, spillt um radio 100,7 Wierker vum Steve Reich, Kate Moore a vum Camille Kerger.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen