Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Galactic Romance Feat. Yu-Ching Huang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng ganz laang Vakanz

Jennah Barry

Eng ganz laang Vakanz

Aacht Joer Congé. Net wierklech. Op "Holiday" verschafft déi kanadesch Musekerin e Manktem u Selbstvertrauen an Einsamkeet a mellt sech souverän mat lëftege Folk-Pop Arrangementer zeréck.

auto_stories

2 min

Gemittlech an ausgerout Deeg hat d'Jennah Barry net bei der Kreatioun vun hirem neien Disk. Si hat grad e Bëbee kritt an eng Hëtzwell huet sech iwwer déi kanadesch Provënz Nova Scotia geluecht. Et wier einfach ze waarm fir ze schaffe gewiescht. "Bëbeeë schlofen net konstant, mir hunn eis du missen un hire Rhythmus upassen, et war en zimmlechen Duercherneen".

"Mir" dat sinn d'Jennah an hire Mann, de Colin Nealis, deen "Holiday" matproduzéiert huet an op sëllegen Instrumenter ze héieren ass. Eng Familljeproduktioun eben. D'Limitatioune vun Zäit, Personal a Budget hunn dës ongewéinlech Opnam-Situatioun diktéiert. Zesumme wollte si e verdreemte Sound erreechen. Déi lëfteg a séiss Sträicher a Bléiser erënneren direkt un déi geschmeideg Pop-Aarbecht vu Gréisste wéi de Burt Bacharach an de 60er. Damien Jurado a Nina Simone wiere wärend den Opnamen och vill um Plackespiller gelaf. A besonnesch dem Noel Harrison seng Versioun vun "The Windmills of Your Mind". "Dat Gefill vu Rou am Chaos a Melancholie hunn ech versicht musikalesch ëmzesetzen".

D'Jennah Barry huet sech elo eréischt aacht Joer no hirem Debut mat enger neier Produktioun zeréckgemellt. "Ech war jonk an hu vill ze vill selwer ugeholl an hu mech domat fäerdegmaacht." Donieft huet d'Musekerin missen un hire Stëmmbänner operéiert ginn. "Mee u sech hunn ech wierklech nëmmen Therapie gebraucht", seet d'Jennah Barry mat engem Laachen. D'Release vun hirem neien Album war eng kathartesch Experienz. "Ech fille wéi wann e Gewiicht vu menge Schëllere gefall wier." Déi meescht Lidder wieren nei, verschiddener hätt si awer schonn zanter 2013 matgeschleeft.

E Manktem u Selbstvertrauen an Einsamkeet hätte laang am Wee gestanen. "Ech denken elo net méi, datt ech eng mysteriéis Inspiratioun muss hu fir eppes op Blat ze kréien." Elo kéint d'Jennah Barry mat enger schlechter Iddi eens ginn. "Ech wëll iwwer meng Kreatiounen net méi esou protectrice sinn, wéi an der Vergaangenheet, méi deelen". Aacht Joer wäerten et bis déi nächst Release also net sinn. "Déi nächste Kéier sinn ech méi séier!"