Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Crowded Roomz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng eegenaarteg musikalesch Grozon

Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness

Eng eegenaarteg musikalesch Grozon

Als Teenager huet hie Mëtt de 70er zesumme mat zukünftege Metallica- a "Faith No More"-Memberen an enger Garage Rock Band gespillt. Ufanks den 90er hat hien e risegen Hit als Deel vum R'n'B Duo Charles & Eddie. An dunn huet een näischt méi héieren. Elo mellt den Eddie Chacon sech zeréck.

auto_stories

2 min

Den Eddie Chacon huet Mëtt den 90er dem Museksbusiness de Réck gedréit. Hien huet eng Karriär als Moudefotograf ageschloen. E véierels Joerhonnert spéider steet hie nees am Tounstudio. R'n'B a Soul sinn erëm um Programm. Awer eng zimmlech duseleg Zort.

Mat ganz ville Synthien a léiwen Drum Machines, déi zesummen e komescht Netzwierk vu beniwwelte Kläng vu sech ginn. Eng ongewéinlech musikalesch Tapéit, déi dem Crooner am mëttleren Alter seng duuss a suave Vocals liicht ironesch entgéintgesat ass.

Wat zimmlech einfach hätt kënnen an de seichte musikalesche Spektrum falen, funktionéiert hei. E séisse Soul R'n'B Sänger aus den 90er gouf mat der néideger Dos Kitsch an Humor ugepaakt, an dobäi ass eppes mat Charakter entstanen.

De Produzent, dee fir dësen Erfolleg gesuergt huet, ass den John Carroll Kirby. E Museker, dee fir seng Zesummenaarbecht mam Solange oder och Blood Orange bekannt ass. Seng zockereg Tounpalett eegent sech perfekt fir e Sänger wéi den Eddie Chacon an Zeen ze setzen. Ëmmerhi staamt de Chacon vun enger Zäit, déi de Kirby scheinbar intrigéiert. Wou d'Sade engem duerch de Radio an d'Ouer gepëspert huet. Den Terence Trent d'Arby op MTV gedanzt huet. Dës musikalesch Ierfschaft gëtt op "Pleasure, Joy and Happiness" mat Elan weidergeféiert. An dat ouni am mauvais Goût ënnerzegoen.

"Pleasure, Joy and Happiness" ass e romantescht Wierk, dat sech awer och elo net ze vill seriö hëlt. D'Texter enthalen ofgenotzte Weisheeten a Clichéen, ginn awer esou éierlech eriwwerbruecht, datt een dem Eddie Chacon all Sentimentalitéit verzeit.

Et huet een et hei mat engem Sänger ze dinn, deen Hit-Erfarung huet. An deen trotz enger Paus vu 25 Joer nach ëmmer wéi e Meeschter mam Mikro ëmgoe kann. Hie kritt och genuch Plaz gebuede fir dezent Vocalakrobatik auszeüben.

Dem John Carroll Kirby seng musikalesch Ënnermolung ass ënnerdriwwen a fléisst wéi en Ambient-Track dohinner. Et befënnt ee sech an enger eegenaarteger musikalescher Grozon, d'Atmosphär ass verschwommen, spruddeleg a waarm. Esouguer déi synthetesch Pan-Flütt, déi sech ouni Schimmt un een eruschläicht, fënnt hei seng Plaz. Den Eddie Chacon ass op alle Fall zeréck. An dat ass gutt.