Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gianmaria Testa, Cantautore op der Sich nom Gléck

Album vun der Woch

Gianmaria Testa, Cantautore op der Sich nom Gléck

Mat enger 7-CD-Box erënnert dem Gianmaria Testa seng Plackefirma un den italieneschen Chansonnier, dee virun engem Joer gestuerwen ass. 'En Studio' ass dëse Réckbléck betitelt.

auto_stories

5 min

Gianmaria Testa (Foto: Herbert Ejzenberg)

Heiansdo muss ee stierwen, fir opzeliewen - op d'mannst wann ee Kënschtler ass. Et séngt ee jorelaang, joerzéngtelaang iwwer dat, wat ronderëm ee geschitt, et gesäit ee Leit, déi Dierfer, Famill a Buedem verloossen, et gesäit een anerer op der Sich no enger neier Bleif. Mat alle Problemer, déi mat esou Situatioune verbonne sinn, fir déi, déi musse goen, fir d’Kuuscht z’assuréieren, fir déi, déi kommen an déi gär e puer Grimmele matkréien…

Den Gianmaria Testa huet vill iwwert si an iwwerhaapt all d'Leit ronderëm sech gesongen, seng Texter a Noute kucke méi wäit wéi d'Nuesespëtzt, blécken hannert d'Kulissen, wou hien einfach Mënsche gesäit, déi liewe wëllen, déi Léift sichen, déi sech freeën, enttäuscht ginn, en neien Ulaf huelen.

Vun der Bunn op d'Bühn

Singer/Songwriter nenne mir dem Gianmaria Testa säi Genre, hie selwer war um Ufank vu senger Karriär doheem manner beuecht, de Prophéit, deen et am eegene Land méi schwéier huet, wéi soss anzwousch - op d'mannst bis hie Mëtt den 1990er a Frankräich e Label fonnt huet, dee sech senger ugeholl huet. E Concert am Olympia war den Declic. Hien, den Autodidakt, e Bauerejong, deen am Haaptberuff Chef de gare war, jo, den Gianmaria Testa war 25 Joer laang Chef de gare am Piemont an huet niewelaanscht gesongen...

Den Gianmaria Testa, dat ass eng waarm Stëmm, si erënnert un de grousse Paolo Conte, dee sëtzt hannert dem Piano, dem Testa sinn e puer Gittaresäiten duergaangen als Begleedung, wann e séngt, nodenkt a philosophéiert iwwer dat, wat d'Liewen ausmécht. Also d'Sich no Gléck, jiddereen ass dobäi op seng Manéier ënnerwee.

An alles dat ass, ee Joer no sengem Doud am Alter vun nëmme 57 Joer, elo mat engem 7-CD-Coffret z'iwwerpréiwen. Seng lescht Studioalbumen, gebëndelt fir en Apel an e Stéck Brout op de Maart bruecht, mol keng 28 Euro kaschte se... A wien no méi glëscht, ka sech och nach seng dräi lescht Concerten an där anerer CD-Box zouleeën, déi erauskoum.

Poesie ouni Konzessiounen

Wëll ech elo schonn d'Epiciersrechnung an der Kopp hunn: Dir hutt matgerechent, dat si mol keng véier Euro den Album. Hei d'Astellung vum Testa zum Thema:

"Well ech op der Bunn geschafft hunn, war ech fräi... Ech hat eng Pai um Enn vum Mount a konnt hoergenee dat sangen, wat ech wollt, ech hu keng eng Konzessioun misse maache, well ech net op de Verkaf vu menger Musek ugewise war. Et ass absurd, fir seng Lidder a Geld ëmzerechnen, fir mech ergëtt dat kee Sënn".

Wien dem Gianmaria Testa seng musikalesch Miniaturen aus dem Alldag wëll genéissen, gëtt mat der Kollektioun "En Studio" allerbeschtens bedéngt. Wat bal näischt kascht, ass ganz vill an dësem Fall. Ëmsou méi wou d'Textbichelchen - d'Textbuch - net manner wéi 152 Säiten huet an an e puer Sprooche gehalen ass. Dem Gianmaria Testa awer soen ech zum Schluss 'scusi', datt ech esou op d'Präisargument vun dëser Kollektioun insistéieren. Mä seele war Poesie, déi ënnert d'Haut geet, esou accessibel wéi an dësem Fall! Do gëtt d'Zougräife liicht gemaach...

En däischtert Schëff

Um Album "Da Questa Parte Del Mare" (Op dëser Säit vum Mier, 2006) geet et thematesch ëm de Sujet Migratioun, deem seng vill Facette vum Museker beliicht ginn: d'Entscheedung ze goen, den Äddi doheem, den ongewësse Wee bis un d'Küst, d'Boot fir iwwerzesetzen, mat all senge Geforen, d'Entwuerzelung...

Op dësem Wierk ass ënnert anerem den Titel "Una Barca Scura" (En däischtert Schëff) ze fannen. Ier den Gianmaria Testa dëst Lidd viru Publikum gesongen huet, huet hien ëmmer e puer Zeilen aus "Naufrages" vu sengem Landsmann Erri De Luca virgedroen, aus deem sengem Recueil "Solo Andata" (Aller simple). An der franséischer Iwwersetzung waren et dës Wierder:

Dans les canaux d'Otrante et de Sicile
Des migrateurs sans ailes, paysans d'Afrique et d'Orient
Se noient dans le creux des vagues.
Un voyage sur dix s'accroche au fond.
Le paquet de semences se répand dans le sillon
creusé par l'ancre et pas par l'araire.
La terre ferme de l'Italie est une terre fermée.
Nous les laissons se noyer pour nier.

Hei den Originaltext vun "Una Barca Scura" (Text a Musek: Gianmaria Testa):

in fondo al mare
canta una sirena
tutta la notte canta
e canta piano
per chi la vuol sentir
si sente appena
in fondo al mare
canta una sirena
e in mezzo al mare va
una barca scura
che ha perso il vento
perso alla sua vela
e chi la sta a aspettar
l'aspetta ancora
in mezzo al mare va
una barca scura
e in fondo al mare
in fondo al mar profondo
ci lascio il canto mio
che non consola
per chi è partito
e si è perduto al mondo
in fondo al mare
in fondo al mar profondo

An eng franséisch Iwwersetzung vum Text:

au fond de la mer
chante une sirène
toute la nuit elle chante
elle chante doucement
pour qui veut l’entendre
on entend à peine
au fond de la mer
chante une sirène
et au milieu de la mer va
une barque noire
qui a perdu le vent
perdu sa voile
et qui l’attend
l’attend encore
au milieu de la mer va
une barque noire
et au fond de la mer
au fond de la mer profonde
je laisse mon chant
qui ne console pas
celui qui es parti
et a disparu du monde
au fond de la mer
au fond de la mer profonde


Gianmaria Testa: En Studio, eng 7-CD-Box mat den Albumen Montgolfieres (1995); Extra-Muros (1996); Lampo (1999); Il Valzer di in Giorno (2000); Altre Latitudini (2003); Da Questa Parte del Mare (2006); Vitamia (2011). Label: Le Chant Du Monde (Harmonia Mundi), 5742650.56.