Domadder ass et awer net gedoen. D'Wandern ass och een emotionalen Zoustand, eng ënner Onrou, déi e permanent undreift, fortdreift - e Foussmarsch, deen och ganz dacks néierens hiféiert.
De Franz Schubert war e stännege musikalesche Wanderer. Wéi dacks huet en de Sujet a senge Lieder vertount. Emol ass et de fidele Mëller, eng Grëtz wéi dem Eichendorff säin Taugenichts, eemol ass et deen, deen am Däischteren, eleng op der Flouer, an awer glécklech ass.
Hie selwer war um Enn vu senger Liewensrees ukomm, wéi hien 1827 een "Zyklus schauerlicher Lieder" annoncéiert. De Komponist war sech bewosst, datt e géint seng Syphilis keng Chance méi hat. De Johann Mayrhofer, e Frënd vum Komponist, beschreift d'Situatioun esou:
"Er war lange und schwer krank gewesen, er hatte niederschlagende Erfahrungen gemacht, dem Leben war die Rosenfarbe abgestreift; für ihn war Winter eingetreten."
Trotzdeem komponéiert de Schubert weider. Hien hat e Gedichtband mat zwielef "Wanderlieder" vum Wilhelm Müller entdeckt, gelies an decidéiert, d'Saach ze vertounen. Datt de Müller am Fong 24 Gedichter geschriwwen hat, ass de Schubert eréischt méi spéit gewuer ginn. Selbstverständlech huet hien och dës Texter vertount.
E kuerzt Liewen
De Peter Pears, de Benjamin Britten an de Peter Schreier sinn dräi vu ville bedeitende Schubert-Interpreten, fir déi d'Winterreise eng Affär fir Mënschen mat Liewenserfarung ass.
Déi hat de Franz Schubert scho mat 30 Joer - e Liewen am Rausch, dat erlaanscht geflunn ass an am Fong guer näischt mam Wanderer ze dinn huet, dee knapp fënnef Kilometer an der Stonn hanner sech bréngt. Dem Franz Schubert seng ganz perséinlech Winterreise ass den 19. November 1828 op en Enn komm - begleet vum "Leiermann". Ukomm ass de Komponist awer ni.