Klassik-CD vun der Woch En herrlechen Disk

De Solo-Klarinettist vum SWR Sinfonieorchester Dirk Altmann iwwerzeegt mat senger Interpretatioun vum Wolfgang Amadeus Mozart sengem Klarinettequintett a sengem Klarinetteconcerto.

Manuel Ribeiro / cz

Dirk Altmann - CD Mozart.jpg

De Solo-Klarinettist vum SWR Sinfonieorchester huet dem Wolfgang Amadeus Mozart säi Klarinettequintett a säi Klarinetteconcerto beim Label TACET op Disk agespillt. Do donieft sinn och zwee Lieder vum Mozart fir Klarinett a Pianoforte an enger Transkriptioun ze héieren. Dës herrlech CD iwwerzeegt net wéinst dem Programm, mee duerch d'Interpretatioun, d'Qualitéit vun der Opnam an duerch de Choix vun der Bassetklarinett.

D'original Partiture gi respektéiert

Enn des 18. Joerhonnert huet d'Klarinett nach guer net esou ausgesi wéi haut. D'Instrument hat keng 16 oder méi Klappen, mee huet virun allem mat Lächer an eventuell zwou Klappe funktionéiert, jee nom Modell. An de 1780er Joren entdeckt de Mozart duerch de Virtuos Anton Stadler d'Klang- an déi technesch Méiglechkeete vun der deemoleger Klarinett, respektiv der Bassetklarinett. Zum Schluss vu sengem Liewe komponéiert hien ënner anerem zwee herrlech Wierker fir d'Bassetklarinett.

Vereinfacht gesot, ass d'Bassetklarinett haut u sech eng "verlängert" Versioun vun der Sib- oder La-Klarinett. D'Extensioun erméiglecht et méi déif an de Register ze goen a gëtt dem Instrument e méi vollen a waarme Klang. Gläichzäiteg kënnen déi original Partituren vum Mozart, spilltechnesch gesinn, respektéiert ginn.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Franz Schubert
Komponist vum Mount

Ronn 600 Lieder huet de Franz Schubert komponéiert. Den Zyklus "Die Winterreise" huet sonner Zweiwel eng besonnesch Plaz a sengem Wierk an och an der romantescher Musek.

Mahler
Klassik-CD

Den David Briggs adaptéiert dem Gustav Mahler seng Musek fir d'Uergel. Säin aktuellste Projet huet hien zesumme mam Bariton David Pike enregistréiert. Mir ware bei enger Opnam-Sessioun dobäi.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen