Friem a plakeg huet sech d'Maya Postepski gefillt, wéi se hir Stëmm am Studio héieren huet. Déi kanadesch Musekerin kennt een éischter als Batteuse vun der Elektropop-Band Austra oder als Partnerin vum Robert Alfons beim Elektro-Duo TR/ST.
Ënner dem Pseudonym "Princess Century" huet si lo hiren drëtten Disk "s u r r e n d e r" erausbruecht. Dat englescht Verb "surrender" gëtt an hiren Aen dacks falsch verstanen. Fir si bezeechent et net einfach d'"Opginn", mee et huet eng méi sënnlech, deels schonn erotesch Konnotatioun. Am Sënn vun "sech opmaachen" an "Neies zouloossen".
En introspektiven Album
Den Titel vum Disk "s u r r e n d e r" schreift sech mat jeeweils engem Espace tëschent all Buschtaf. Dës Typographie soll enschleunegend wierken a Rou ausstralen. Den Album ass laut der Kënschtlerin immens introspektiv, an refletéiert de Gefillstrip, deen d'Maya Postepski alias "Princess Century" besonnesch wärend dem Lockdown ugedriwwen huet.
Virun allem d'Léift steet hei am Mëttelpunkt an ass déi dreiwend Kraaft hanner all eisen Aktiounen. An heiansdo bleift engem näischt Aneres iwwreg, wéi driwwer ze laachen - dovun erzielt zum Beispill den Track "Stupid Things".
Ganz erfrëschend ass, datt d'"Princess Century" eis op hirem Disk eemol queesch mat duerch d'Geschicht vum Elektro schleeft. Um extreem eklekteschen Album héiert ee ganz vill subtil a manner subtil Referenzen, ënner anerem eng mesmeresch Hommage un de Steve Reich a seng Minimal Music. Dee méi provokativen an hypnoteschen Track "Touch Yourself" ass dogéint ee Wénk a Richtung Detroit House.
Mir befannen eis an engem dreemeresche Zenario mat engem ganz primitiven dreiwende Beat. Op eemol awer gi mer vu Roboteren an Aliens dozou opgefuerdert, eis ze beréieren. Sou d'Maya Postepski iwwer d'Iddi hannert dësem Song.
Eng Fantasiewelt
Sou villfälteg déi verschidde Stécker um Album och sinn, ni fillt ee sech beim Lauschtere verluer. Villméi gëtt een duerch déi knackeg, mee waarm Produktioun an déi verschleiert an verniwwelt Fantasiewelt eragezunn, vun där d'Maya Postepski schwäermt, wa si iwwert déi eenzel Tracks schwätzt.
Esou stellt sech also beim Lauschteren eng Himmelfaart duerch d'Musek, d'Zäit an déi verschidde Facettë vun Erotik a Léift an. E genee sou doucen, wéi och progressiven an energetesch-enthusiasteschen Album, deen eis Princess Century do ofgeliwwert huet.