Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Biréli Lagrène and Sylvain Luc - All the Things You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En atmosphäresche Vibraphon Track mat charcutéierter Trompett

Schlofzëmmerbléck

En atmosphäresche Vibraphon Track mat charcutéierter Trompett

Mam Zil, eng Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen ze skizzéieren an een Abléck an d'Schafe vun ausgewielte Museker ze kréien, huet den 100,7 13 Lëtzebuerger Kënschtler den Optrag ginn, ee Lidd am Confinement opzehuelen. Haut ass et um Pascal Schumacher. De Vibraphonist hat ufanks Krämpes mat der Inspiratioun. Enges Daags war se awer erëm do. Um Enn huet och nach de Berliner Trompettist Sebastian Studnitzky driwwer improviséiert.

auto_stories

2 min

Dem Pascal Schumacher säi Vibraphon Track "Closer" war ufanks ze schéin. Duerfir huet eng réi a lëfteg Trompett missen hier. De Lëtzebuerger Museker ass sech Hëllef bei de Berliner Trompettist Sebastian Studnitzky siche gaangen.

"Ech muss éierlech soen, ech war net terribel inspiréiert", seet de Pascal Schumacher iwwert déi éischt Zäit am Confinement. Déi kreativ Kris hätt sech awer no e puer Deeg Museksabstinenz opgeléist. "Closer" ass aus dëser Rou, där Melancholie deemools eraus entstanen.

De Vibraphon Track wier an enger éischter Form ze schéi gewiescht. "Ech wollt e bëssen eppes dat kraazt, eng aner Faarf erabréngen". Hien hätt an der Lescht vill mam Berliner Trompettist Sebastian Studnitzky zesummegeschafft a säi raue, lëftege Sound hätt einfach gepasst.

"Et ass e bëssen dat Zesummespill. Déi Rou, déi ech hei empfonnt hunn. An d'Trompett vum Sebastian Studnitzky ass éischter dat, wat dobausse passéiert, en dehors vu mengem klenge, verdreemte Schlofzëmmerbléck hei zu Lëtzebuerg."

De Sebastian Studnitzky hätt en Don fir am richtege Moment déi richteg Richtung ze entaméieren. De Pascal Schumacher wousst och net genee a wat fir eng Richtung den Trompettist géing goen. "Ech hunn natierlech e bëssen epuréiert a charcutéiert, mat senger Erlabnis natierlech".