Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Tame And The Wild - This Is The Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emotionell transparent Lidder

Christian Lee Hutson - Beginners

Emotionell transparent Lidder

De Kalifornier Christian Lee Hutson spiert sech nach ëmmer an dëser Welt e bësse verluer. "Beginners" vum Christian Lee Hutson ass en introspektiivt Wierk vun engem immens éierleche Museker.

auto_stories

3 min

Foto: Gus Black

Mat sengen emotionell transparenten an direkten Texter kéint ee mengen, de Christian Lee Hutson hätt um Beichtstull komponéiert. D'Manéier, an där hien op "Beginners" Turbulenze vun der Léift a Konfusiounen aus dem Liewen ënner anerem beschreift, stellt de Museker nämlech net nëmmen als sympathesch Figur duer.

Hie geet déif a seng Wonne gruewen an hëlt dobäi kee Blat virun de Mond. Hie wëllt d'Iddi vermëttelen, datt, obwuel mer als Mënschen dacks Feeler maachen, d'Saache sech um Enn iergendwéi ëmmer riichtbéien.

Faméis Kolleegen

De Christian Lee Hutson huet sech déi lescht Joer bekannt gemaach als Lidderschreiwer fir d'Band Boygenius. Eng Aart Indie Supergroup geleet vum Lucy Dacus, Julien Baker a Phoebe Bridgers. Niewebäi huet hien och am Phoebe Bridgers hirem Projet mam Conor Oberst "Better Oblivion Community Center" ausgehollef.

A seng faméis Kolleegen huet hie fir "Beginners" mat an d'Boot geholl. Zweetstëmmen, Mondharmonika, Gittar an esou virun hu si bäigedroen, an d'Phoebe Bridgers huet esouguer d'Roll vum Produzent iwwerholl. Si huet dem Christian Lee Hutson seng fléissend Gittar a waarm Stëmm ganz spuersam agekleet.

D'Gewiicht vun Zäit an Distanz

Delikat Sträicher dauchen hei an do emol op. Emol en dezente Synthi, Bass oder Keys. Méi ass u sech net gebraucht ginn. Alles anescht hätt dem Scott säi filigraant Spill a seng unhänglech Melodien erstéckt. An derbäi kënnt e ganz séisse Mix tëschent Simon & Garfunkel a Vampire Weekend eraus.

Op "Beginners" beschreift hie wéi Zäit an Distanz op kollegial, familial an amouréis Bezéiunge laaschten. Wéi ee bedeitend Mënschen a sengem Liewe kalbliddeg verloossen a vergiesse kann. Iwwer déi zéng Lidder erlieft een, wéi de Christian Lee Hutson mat sech selwer dialogéiert, sech vu senger Schold bewosst gëtt, no Verzeiung sicht. An dat an enger iwwerraschend direkter Sprooch. "We had a pretty good run, but I just can't fucking do it anymore" séngt hien op "Unforgivable".

Naiven Optimismus

Selbstironie a Liichtegkeet zéie sech allerdéngs och duerch d'Stécker. Op "Northsiders" denkt hien iwwer seng onbehollef Lycéeszäit mat enger Frëndin am Lycée no, déi spéider an engem Autosaccident ëmkoum.

Mat naivem Optimismus hofft en op eng besser Zukunft um Titel "Single for the summer". Ganz feierlech geet en un de Song "Get The Old Band Back Together" erun, a reegt sech dobäi op, datt hautdesdaags kee méi richteg haart wëllt spillen.

Den Titel "Beginners" hätt domat ze dinn, datt de Christian Lee Hutson sech trotz sengen 29 Joer nach ëmmer wéi en Ufänger am Liewe spiert. Op alle Fall weess de Kalifornier, wéi ee Péng an Ongewëssheet an e meeschterhaft a facettëräicht Wierk wandelt. E stellt sech blouss e kënnt méi staark als Mënsch dobäi eraus.