Musek am Gespréich Emmanuelle Haïm

Enn Februar 2020 war d'Emmanuelle Haïm mam Concert d'Astrée a Sängersolisten zu Lëtzebuerg am Stater Theater fir op zwee Owenter d'Opere "Pygmalion" vum Rameau a "L'amour et Psyché" vum Mondonville ze interpretéieren. De Manuel Ribeiro huet vun där Geleeënheet profitéiert fir sech mat der Emmanuelle Haïm ze treffen a mat hir iwwer hir Karriär an déi divers Facette vun der Barockmusek ze schwätzen.

Manuel Ribeiro / lb

Emanuelle Haim
Emanuelle Haïm (©warnerclassics)

Lauschtert d'Emmanuelle Haïm an der Emissioun Musek am Gespréich


D'Emmanuelle Haïm gouf zanter 2000, deem Joer an deem si den Orchester Le Concert d'Astrée gegrënnt huet, eng absolutt Referenz an der Barockzeen. Si ass net just eng exzellent a leidenschaftlech Interpretin, mee och eng Fuerscherin am Beräich vun der historescher Opféierung an eng Koryphee op dësem Gebitt.

Fënnef éischt Präisser

D'Emmanuelle Haïm ass eng ausgebilten Cembalistin aus dem Conservatoire National Supérieur de Paris, wou si mat insgesamt fënnef Éischte Präisser erausgeet. Duerno spillt si am William Christie sengem Ensembel Les Arts Florissants. Mee et ass duerch den Dirigent Simon Rattle, datt si entscheet selwer Dirigentin ze ginn.

Egal ob mat hirem Ensembel Le Concert d'Astrée, oder als Gaaschtdirigentin bei de Berliner Philharmoniker, dem Los Angeles Philharmonic, oder dem New York Philharmonic: Iwwerall gëtt si héichgelueft fir hir Aarbecht, hir Perfektioun, an hir Sich no enger beschtméiglecher Approche zum Original.

Méi zum Thema

Hélène Boulègue
Musek

Eng Intégrale mat der Musek vun engem Komponist, dee selwer net Flüttist war, fir d'Instrument awer eng Sympathie hat, dat huet d'Hélène Boulègue gereizt. Elo huet si den zweeten Album publizéiert.

Komponist vum Mount - Claude Kraus
Komponist vum Mount

De Claude Kraus huet 2017 "Mosaik" geschriwwen. E Wierk, dat op enger ganz spezieller Kompositiounstechnik baséiert. Wärend d'Stéck am Hannergrond ze héieren ass, erkläert de Komponist säi Wierk.

Jean Muller
Live aus der STUFF

Op Initiativ vum Serge Tonnar spillen eng ganz Rei Museker Concerten am Live-Stream aus hirer Stuff. De Jean Muller mécht den Ufank mat engem Programm, dee ganz un déi aktuell Situatioun ugepasst ass.

Amstel Quartet 2
Stories of the Soul

Well den Amstel Quartet säi Concert zesumme mam marokkanesche Sänger Anass Habib net wéi geplangt opféiere kann, proposéieren d'Museker d'Première vun hirem Programm online ze lauschteren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen