Radioen

On air

Notturno  |  Michael Kiwanuka - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elegant an ënnerdriwwen

Charlie Watts

Elegant an ënnerdriwwen

Am Hannergrond huet hien op sengem reduzéierten Drum Kit mat Eleganz gerockt. Hie war dee buedemstännegste vun de Rolling Stones. Hire rhythmeschen Anker. Hien ass de 24. August am Alter vun 80er Joer zu London verscheet.

auto_stories

2 min

An engem Milieu wou Individualitéit a Extravaganz iwwert alles gefeiert gëtt, war den Charlie Watts e bëssen e schwaarzt Schof. Nieft senge Bandkolleegen hirem hedonistesche Liewensstil huet de Batteur e bësse wéi e Konformist gewierkt. Sex, and drugs waren net esou säin Truc a Rock'n'Roll och nëmmen zum Deel. Seng grouss musikalesch Léift war u sech den Jazz. Wou seng Generatioun gréisstendeels vum Elvis sengem Hëftschwong verblent war, hat hie seng Aan an Oueren méi op dem Miles Davis seng cool an elegant Musek fokusséiert. Mat engem schaarfe Kostüm an Disziplin huet hie sech op dat Wesentlecht konzentréiert.

Als Batteur huet dat virun allem bedeit am Déngscht vum Lidd ze stoen. De Rhythmus halen, senge méi extrovéierte Bandmemberen genuch Plaz ginn fir sech z'entfalen. An dat huet e mat Virtuositéit wéi keen anere fäerdegbruecht. Eng bestëmmten Zort Virtuositéit wuel bemierkt. Wou seng Kollegen Jon Bonham vu Led Zeppelin a Keith Moon vun The Who mat hiren iwwerdimensionale Perséinlechkeeten op hiren iwwerdimensionale Batterien iwwerdimensional geknuppt hunn, war den Charlie Watts am gaangen op engem einfache Kit mat Präzisioun a Konstanz ze swingen.

Am Nord-Weste vu London gebuer, als Grafiker forméiert, huet hien Ufangs de 60er a Bands zesumme mat brittesche Blues Legenden wéi den Alexis Korner oder Jack Bruce gespillt éier en 1963 de Wee zu de Rolling Stones fonnt huet. 58 Joer also am Déngscht vun dëser Rock Institutioun. Als Museker war hie selbstlos a generéis, huet hei an do mat klengen Detailer, klenge Fills de Lidder di néideg Déif ginn. "Get Off My Cloud, (I Can't Get No) Satisfaction oder och Gimme Shelter si Klassiker déi seng subtil ënnerdriwwen Approche virweisen. En ass vläicht net direkt opgefall, huet awer bewisen dass ee mat wéinege Schléi a vill Gefill méi wéi genuch soe kann.