Jockstrap "Ekstatesch, instinktiv a mierf"

Mat hire réien an dramatesche Kläng, eckegen an iwwerraschende Wiessel, fabrizéiert den engleschen Duo Jockstrap eng kéng Klangwelt. Hir experimentell Musek ass couragéis a frontal. E Gespréich.

Jamie Reinert / cbi

Jockstrap
Jockstrap. Foto: Maxwell Granger

Déi nei EP ass kéng, mat réien an dramatesche Kläng, ongewéinlech an iwwerraschende Wiessel. Klassik trëfft op Dubstep, Lounge Jazz op elektronesche Kaméidi. Et kéint ee mengen, datt Ongewëssheet ni Deel vum Kreatiounsprozess war, datt déi zwee Artisten ouni Angscht un d'Aarbecht erugaange sinn.

"Natierlech war den Zweiwel present, mir stellen eis konstant a Fro, mee op eng gesond a gutt Manéier", seet allerdéngs d'Georgia Ellery. Et wier een net direkt op déi fäerdeg Iddi gestouss, vill Ännerunge goufe gemaach.

Op alle Fall muss ee couragéis sinn fir mat engem experimentellen a fräie Geescht un d'Matière ze goen. Et hätt ee sech awer och Gedanke gemaach, ob ee plazeweis net ze wäit an den Extremer gaangen ass, wéi beim Lidd "Robert" zum Beispill.

Ob eppes schlussendlech Goût huet, wier dacks delikat ze bestëmmen, zemools wann ee sech op onbekanntem musikaleschen Terrain beweege géif. "Ech mengen mir si besser ginn am Bestëmmen, ob eppes mat Goût gemaach oder einfach nëmmen ze mierf ass. Dacks ass et e bësse vun deenen zwee", esou d'Georgia Ellery.

Tëschent réier Energie an Iwwerproduktioun

Jockstrap géif vill Zäit am Studio um Feischlëff verbréngen. "Ech mengen dat Instinktiivt passéiert op enger anerer Plaz. D'Georgia schreift d'Lidder zimmlech séier, mee wa mer zesumme kommen verbrénge mer vill Zäit mam Detail", esou den Taylor Skye.

Um Enn iwwerwënnt Jockstrap de schmuele Grad tëscht réier Energie an Iwwerproduktioun. "Well eis Klangwelt eben esou ekstatesch, instinktiv a mëll ass, brauche mer de Feischlëff fir ebe grad déi eckeg Wiessel méi koherent ze maachen" esou, d'Georgia Ellery.

Sech mat Extremer beschäftegen

Hir Musek wier eben hyperaktiv an dat misst een e bëssen entschäerfen. "A bei der Aarbecht geckse mer awer och natierlech vun Zäit zu Zäit", laacht den Taylor Skye. Den Decisiounsprozess an deem déi zwee verwéckelt sinn, wier op alle Fall immens spannend. "Wann s de eng staark Iddi hues, so ni nee, sief oppen. Wann s de selwer net sécher bass, mee déi aner Persoun voll dohannert stécht, da muss de där einfach vertrauen", esou d'Georgia Ellery.

Op där Basis fonctionéiert Jockstrap. Mat der Zäit wiere si sech ëmmer méi instinktiv eens iwwer Iddien. De Fait Musek ze maachen, déi sech mat Extremer beschäftegt, wier einfach aus Spaass eraus entstanen. "Jockstrap ass einfach mir zwee déi zesummen eppes maachen" seet den Taylor Skye.

An der Mediathéik:

Papperlapop / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Khruangbin
Khruangbin - Mordechai

Déi drëtt Studioplack vum Texaner Trio Khruangbin ass eng labber strukturéiert Jam-Session an enger Plagebar, Spiller vu Schied a Luucht, de Moment tëscht schlofen a waakreg ginn. Eisen Album vun der Woch.

Christian Lee Hutson
Christian Lee Hutson - Beginners

De Kalifornier Christian Lee Hutson spiert sech nach ëmmer an dëser Welt e bësse verluer. "Beginners" vum Christian Lee Hutson ass en introspektiivt Wierk vun engem immens éierleche Museker.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen