Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éierlechkeet a Resilienz

Kacey Johansing - No Better Time

Éierlechkeet a Resilienz

D'Kacey Johansing ass eng Singer-Songwriterin vun der amerikanescher West-Küst, déi ënner anerem an der Indie Band Hand Habits täteg ass. Dëse Freideg bréngt si hire véierten Album "No Better Time" eraus.

auto_stories

2 min

Musek a Katharsis si schonn ëmmer Hand an Hand gaangen. Deen Aspekt gouf dëst Joer a villen Hisiichten amplifiéiert. Vill vun eis hu misse baussent a bannenzegt Stierm iwwerwannen. Dat huet d'Kacey Johansing op hirer Plack "No Better Time" gemaach.

E Wierk, dat en turbulente Moment an der Musekerin hirem Liewen dokumentéiert an hir gehollef huet schwiereg Zäiten ze iwwerwannen. Déi Wierkung kënnt net nëmmen der Creatrice zegutt. Hiren neien Album dréit vill waarm a fluffeg Texturen a gräift schwiereg Theemen op, ouni dobäi an e schwaarzt Lach ze falen. Kalifornesche Pop mat ville verdreemten Akkorden, déi an d'Onendlechkeet auskléngen.

Déi grouss Fro, déi "No Better Time" encadréiert, ass, wéi ee Léift a säi Liewe loosse kann, wann engem seng Vergaangenheet voller Trauma stécht. Op de soziale Medien deit d'Kacey Johansing op Bezéiunge mat abusiven, respektiv Alkohol-kranke Männer hin. Den Titel "No Better Time" geet drëms, wéi een engem Mënsch, dee vill Péng verursaacht huet, Léift an eng besser Zukunft schenke kann, awer si gläichzäiteg zur Rechenschaft zéie muss.

Radikal Selbst-Léift

Op "All Of Me" ginn eiser Gesellschaft hir exklusiv a kuerzsiichteg Standarde vu Schéinheet hannerfrot. "Eng perséinlech Hymn iwwer radikal Selbst-Léift", esou heescht et an engem Instagram-Post. D'Kacey Johansing stellt hir verletzte Séil blouss a versicht aus enger Laascht eng konstruktiv Erkenntnes ze maachen. Eng schéi Stëmm an en Talent fir séiss Melodien hëllefen do natierlech.

De kalifornesche Mythos vun engem besseren Horizont gëtt musikalesch den Toun un. Den onnéidege Kitsch gouf awer diskret op der Säit gelooss. Straicher, Bléiser, Vibraphon fléissen duerch hir intimistesch Lidder, ouni dobäi a falschen Optimismus ofzeschwäifen.

D'Kacey Johansing kléngt e bësse wéi eng Mëschung tëschent Julia Holter an Angel Olsen. Hir Ästheetik ass definitiv gezéckert. De ganze 70er Laurel Canyon Singer-Songwriter-Bagage schwéngt mat, awer och dem Burt Bacharach seng 50er a 60er orchestral Pop-Welt.

Wéi der Dionne Warwick hir Stëmm fällt der Kacey Johansing hir wéi elegant Gefisems op déi waarm Lidderstrukturen, déi vill calme a raimlech Gittaren, déi epesch an dach ënnerdriwwen Arrangementer.

"No Better Time" ass en Album, dee virun allem vun Éierlechkeet a Resilienz gepräägt ass. Eng staark Deklaratioun, déi an dëse groen Zäiten e bësse Sonn erbäizitt.