Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eenzegaarteg an interessant

Khruangbin - Mordechai

Eenzegaarteg an interessant

Déi drëtt Studioplack vum Texaner Trio Khruangbin ass eng labber strukturéiert Jam-Session an enger Plagebar, e Spazéiergang duerch eng Stad bei lidderege 40 Grad, Spiller vu Schied a Luucht, de Moment tëscht schlofen a waakreg ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Tamsin Isaacs

Khruangbin bréngen zanter 2015 Placken eraus, déi tëscht Soul, Dub a Psychedelic Rock en treffséchere Groove fannen.

De Gittarist Mark Speer huet mam Batteur Donald Johnson an derselwechter Kiercheband gespillt. Beweegung koum an d'Saach, wou d'Laura Lee, eng Frëndin a Matbewunnerin vun ëstlecher a fernëstlecher Musek sech vum Lee d'Bassspille bäibrénge léisst. Zu zwee zammeren si an engem Schapp un hirem Groove, mat Instruktioun un de Batteur, einfach Breakbeats drënner ze leen.

Verschidden Aflëss

D'Inspiratioun fir déi éischt Plack war di thailännesch Funk-Well vun de 70er, wat de schwéier auszeschwätzenden Numm vum Projet, Fliger op Thailännesch, erkläert. Zwee Joer méi spéit hu Kruangbin Aflëss aus Spuenien an dem Mëttleren Oste verschafft.

D'Beschränkung op iwwerweiend instrumental Musek huet d'Band dunn d'lescht Joer duerchbrach mat enger exzellenter Kollaboratioun mam Countrysänger Leon op Texas Sun. Eng Plack, déi mer Iech scho bei hirer Sortie am Februar gär presentéiert hätten, mee leider nëmmen en EP.

Styléiert Klanglandschaften

Um drëtten Album vum texaneschen Trio "mordechai" entdecke Khruangbin hiren banneschte Krichsmann, wat den Titel op hebräesch bedeit, a sange selwer op hir Musek. D'Resultat ass interessant. Als Stabs, Marqueuren a Feel good-Mantraen dauchen d'Vocals a Chouerformatioun op, a verschwannen erëm esoubal d'Presenz vun enger instrumentaler Linn se onnéideg mécht.

Dëst gëtt genee déi richteg Unhaltspunkten a Khruangbin hir styléiert Klanglandschaften, déi bis elo e bëssen eidel an onperséinlech wierke konnten. Der Band hiren Usazpunkt ass liicht. Aus der Jam-Session an enger Plagebar, deen déi labber gestréckten an oft liddereg groovend evoquéiert, gëtt duerch d'Vocals eppes méi Lieweges a Beséiltes. Op der Single Time (You and I), deem duerchstrukturéitste Stéck op der Plack, ass dat eng bal verkläerte Visioun vum Zesummesinn a vun der Harmonie.

Rhythméiert Instrumentalmusek

Et sollt ee sech awer vu Khruangbin an dësem Fall keng handwierklech geschmëtte Popsongs erwaarden, well dat schéngt hei guer net d'Zil ze sinn. Dat heite bleift vu stëmme rhythméiert Instrumentalmusek, a grad dat mécht Mordechai eenzegaarteg an interessant.

Als Stëmmungsmusek fir de Summerufank erlaabt Mordechai och méi wéi eng Ecoute: d'Subtilitéit vun der Interpretatioun an d'Verspilltheet vun den Tracks bitt genuch Substanz fir dës Plack ze genéissen.