Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een Orchester ass Deel vun der Gesellschaft"

Gustavo Gimeno

"Een Orchester ass Deel vun der Gesellschaft"

Zanter dem Hierscht 2015 steet de Gustavo Gimeno als Directeur musical un der Spëtzt vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. De Maestro kuckt generell zefridden op seng éischt Saison an der Philharmonie zréck an ass optimistesch, wat d’Entwécklung vum Orchester ugeet.

auto_stories

8 min

Gustavo Gimeno

Wann een nei bei en Orchester kënnt, ass et net anescht, wéi och soss am Liewen: Et léiert ee sech iwwert déi dagdeeglech Aarbecht ëmmer besser kennen, et wiisst een als Grupp zesummen. Déi Erfahrung huet och de Gustavo Gimeno gemaach, wéi hie beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ugetrueden ass. "Antëscht kenne mir eis gutt, an dat schléit sech och an der Musek néier", mengt dee gebiertege Valencianer. "Mir probéieren all Dag professionell a mat vill Leidenschaft, Musek ze maachen."

De Chefdirigent vum OPL ass en Enthusiast awer och e selbstkritesche Mënsch. E genéisst de positiven Nohall vun engem gelongene Concert, mee mécht awer och direkt d'Analys vun engem Programm, vun engem Wierk, fir ze kucken, wat een nach besser ka maachen. "Et ass ee stännege Prozess, deen ni ophält", seet de Maestro. Fir de Gustavo Gimeno ass et evident, datt ee sech stänneg an Allem verbessere kann. Fir den Orchester heescht dat: am Klang, an der Phraséierung, an der dynamescher Balance an och an der Energie vun all Interpretatioun.

Breede Repertoire

Fir seng éischt Saison mam OPL louch et bal op der Hand, datt de Gustavo Gimeno de Programm ënnert de Motto "éischt Symphonien" gestallt huet. Grondsätzlech awer wëllt hien e ganz breede Repertoire spillen: selbstverständlech déi wichteg grouss symphonesch Wierker aus der Romantik, awer och Musek aus dem 20. Joerhonnert, Uropféierungen an Opere-Literatur. "Fir et kuerz ze soen: Alles vu Mozart bis Berio."

D'nächst Saison wäert de Gustavo Gimeno fir d'éischte Kéier eng Oper mam OPL am Groussen Theater opféieren: "Simone Boccanegra" vum Giuseppe Verdi.

De Mahler-Gen

"Ech hunn de Mahler-Gen", gesteet dee spueneschen Dirigent. Als fréiere Pauke-Spiller am Concertgebouw-Orchester vun Amsterdam gouf de Gustavo Gimeno mam Gustav Mahler senge Wierker musikalesch sozialiséiert. Hie konnt sech der Mahler-Traditioun net entzéien, déi hie scho mat 17 Joer gepaakt huet, wéi hie säi Studium an der hollännescher Stad ugefaangen huet.

"Wéi ech selwer Mahler gespillt hunn, war mer eigentlech ni richteg bewosst, wat sech hannert der Traditioun vum Concertgebouw verstoppt, wat esou speziell ass", verréit de Gustavo Gimeno. Déi typesch Phraséierung an den Timing ware fir hien deemools selbstverständlech.

Trotz der grousser Virbelaaschtung fënnt de Gustavo Gimeno haut déi néideg Distanz, fir eng eege Mahler-Interpretatioun z'entwéckelen. "Déi entsteet beim Studium vun de Partituren, vun de sëllechen Indikatiounen, déi de Komponist selwer ginn huet. Wann ech d'Partitur opschloen, dem Mahler seng Remarquë consideréieren a mir meng eege Gedanke maachen - da fannen ech meng Äntwerten."

Philharmonie, Spigel vun der internationaler Musekswelt

Als Museker vum Concertgebouw-Orchester an duerno als Dirigent huet de Gustavo Gimeno déi grouss Musekswelt kennegeléiert. Am Hierscht ass hien dunn am Lëtzebuerger Mikrokosmos gelant, deen de Maestro awer net als solche gesäit. Am Géigendeel: "Duerch d'Philharmonie geet déi ganz Welt vun der Musek. Hei fënnt een alles: vu pädagogesche Projeten iwwer Barockmusek bis bei déi grouss Orchesteren."

Iwwert d'Philharmonie eraus sicht de Chefdirigent vum OPL och de Kontakt mat den Acteuren aus de Lëtzebuerger Institutiounen, awer och mat Museker a Komponisten. Him géif allerdéngs dacks d'Zäit feelen, fir sech méi doranner z'investéieren. "Als Directeur musical hunn ech vill Responsabilitéiten, déi sech net eleng op dat Musikalescht reduzéieren."

Een ongedëllege Mënsch

De Gustavo Gimeno huet vill méi Iddien a Projeten am Kapp, wéi sech der realiséiere loossen. Fir der awer méiglechst vill duerchzezéien, plangt hie ganz laangfristeg a kuckt haut schonn, wat een an dräi Joer maache kéint.

"Ech sinn net ganz gedëlleg a géif gären nei Iddien direkt ëmsetzen." Den OPL-Chefdirigent erkennt dann awer och d’Realitéit un a probéiert, säin Äifer ze zëssen. Ähnlech ergeet et ëm och beim Iwwergank vun engem Projet op deen aneren. De Gustavo Gimeno ass natierlech total op deen aktuelle Concertsprogramm konzentréiert. Wann dee Projet allerdéngs eriwwer ass, wann den Adrenalin verflunn ass, da geet eenzock de Studium vun neie Partiture lass. "Mir hunn d'Chance, datt alles groussaarteg Musek ass. Et ass een also schëtzeg an enger anerer Welt."

Perspektiven

Déi nächst Saison gëtt eng ganz spannend: Ouverture mam Thomas Hampson als Solist, de Sacre du Printemps als eent vun de Schlësselwierker, Concerten zu Wien a vrun allem eng Tournée mat véier Concerten a Spuenien, wou de Gustavo Gimeno doheem ass. "Ech sinn awer och zu Amsterdam doheem an zu Lëtzebuerg, wou ech op de Réckhalt vun den OPL-Museker ziele kann."
Mat der Opnam vum Anton Bruckner senger éischter Symphonie huet de Gustavo Gimeno eng Serie vun 9 geplangten CD-Produktioune lancéiert. Een Disk wier wichteg, fir déi musikalesch Entwécklung vum Orchester, awer och als Marketing, fir den OPL als internationalen Orchester z'etabléieren. "D'Basis bleift allerdéngs déi dagdeeglech, intensiv Prouwenaarbecht, betount den Dirigent.

Fir de Gustavo Gimeno ass den OPL, ass een Orchester ganz allgemeng Deel vun der Gesellschaft, an där hie sech beweegt. Den Orchester misst sech an d’Gesellschaft abréngen, Identifikatioun schafen, sech upassen un allgemeng Entwécklungen an drop reagéieren. "Mir stieche matten am Ëmbroch."

Duerfir probéiert den OPL nei Formule vu Presentatioun. D'Lunch-Concerte kéime gutt un. Vum Hierscht u ginn et dann och Concerten um 19.00 Auer: L'Heure de pointe.

"Et geet drëms auszeprobéieren, wat ukënnt. Reaktiounen ze testen. Um Enn kënnen dann d'Konklusioune gezu ginn. Vläicht ginn och nach aner Dieren op? Op alle Fall musse mer kreativ bleiwen", mengt de Gustavo Gimeno.

Wat seng eegen Zukunft zu Lëtzebuerg ugeet, do huet de Maestro nach net konkret driwwer nogeduecht. De Gustavo Gimeno huet ee Kontrakt iwwer 4 Saisonen. "D'nächst Joer wäerte mer éischt Gespréicher hunn. Wann den Orchester an ech op enger Wellelängt sinn, da maache mer weider."


Audio: De Guy Engels am Gespréich mam Gustavo Gimeno

​​​