Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee glécklecht Selbstgefalen an der Melancholie

Léo Ferré - Verlaine et Rimbaud (1964)

Ee glécklecht Selbstgefalen an der Melancholie

Eng onscheinbar Literaturvertounung erschléisst am Joer 1964 dem Léo Ferré nei musikalesch Horizonter: eng vun deene gréisste Literaturvertoununge vun der franséischer Chanson. Ee klasseschen Tableau, aus deem Spriechgesang an einfach Melodien erausstiechen, dem Léo Ferré säi "Verlaine et Rimbaud" aus dem Joer 1964, presentéiert vum Marc Clement.

auto_stories

5 min

Een Anarchist ...

Eng kleng Aleedung zum Schreiwer a Sänger, deen dësen Déjà Vu Album 1964, also viru 55 Joer erausbruecht huet. De Léo Ferré war säi ganzt Liewe laang net nëmmen ee Kreateur a Komponist, mee och ee Passeur. De Mann mam Boot, dee mat mysteriéiser Rou Passagéier vun enger Säit op déi aner bréngt.

Als eng Aart Prometheus och, deen als bekennenden Anarchist d'Flam vum Wësse weidergi wollt, huet hie sech, an anerer hien, gesinn. Dobäi huet hien kee Blat virun de Mond geholl, oder ronderëm de Bräi geschwat, an dach ass et dacks d'Subtilitéit vu senger Approche, déi derwäert ass, beliicht ze ginn.

... a senge rouege Joren

Op Verlaine et Rimbaud dréckt sech eng déif, respektvoll Virsiicht aus, déi dem Ferré besonnesch bei senge ville Poesie-Vertoununge Mëtt de 60er Jore léif an deier war. No Baudelaire an Apollinaire an deene Jore virdru war et 1964 um Rimbaud an um Verlaine, dem Duo infernal vum franséische Symbolismus, an d'Geschicht dovunner, wéi de schéinen, jonken an talentéierte Rimbaud de scheinbar stoesche Verlaine spontan op Bréissel verschleeft, Fra a Kanner doheem ouni Rot.

Eng Geschicht, déi dem Ferré, dee sech nach u pedophil Traitementer vun de Pateren am Collège Saint-Charles de Bordighera, wou hie seng Lycéesjore verbruecht huet, erënnert, an all Mann hätt kéinten ee batteren Nogeschmaach hannerloossen.

Mee näischt esou. Alles wat et ze soe gëtt, ass an de Melodien, déi de Ferré komponéiert huet fir eng Serie Gedichter vun denen zwee Auteuren, déi esou aneneen iwwerlafen, wéi et d'Perséinlechkeete vun deenen zwee Liibhaber wuel musse gemaach hunn.

Tëschent dem Arrangeur an Dirigent vum Orchester Jean-Michel Defaye an den an der Literaturgeschicht fir ëmmer figéierten Texter, ass de Ferré bescheiden a senger Roll. Hie setzt a Musek, interpretéiert a féiert weider, wat hien zu sengen Ufäng beim Radio geléiert huet: de Saachen eng Stëmm ginn.

Eleganz, net Voyeurismus

Wann ee seng Interpretatioun vum Verlaine sengem lautmoleresche "Chanson d'automne" esou lauschtert, schéngt d'Musek den Text ze tréischten, oder mat engem zwinkernden A ze soen, he, dat hues de gär, dat trauregt Hierschtwieder, du Poet. Dofir elo, op een duussen a beschwéngte Swing, déi berüümte "Les sanglots longs Des violons De l'automne", déi hei entweder vun der Léift oder vum Witz hiert d'ganzt Gewiicht verléieren.

Esou gouf also aus der impressionistesch-brong gemoolter "Chanson d'automne" vum Verlaine ee glécklecht Selbstgefalen an der Melancholie, oder een euphorescht Manifest vu gedeelter Inspiratioun.

D'Rou virum Stuerm

De Léo Ferré huet an der Okzitanie gewunnt, wou "Verlaine et Rimbaud" entstanen ass, zeréckgezu mat senger Fra Madeleine a senger Schimpansin Pépée, ouni Kanner, an engem verfalenen Haus aus dem 16. Joerhonnert, dem Château de Pechrigal. Hie schreift laang ausgeschafften, rhapsodesch Gedichter, beschäftegt sech mat senger Passioun fir Dréckerei a Buchbënnerei, léiert ze tippen an ze setzen a publizéiert eegenhänneg senger Fra hiert Tagebuch, dat de schwéieren Alldag vun hirem Koppelliewen, dat méi schlecht gëtt, am Detail beschreift.

E bësse vun där Dramatik, déi d'Relatioun tëschen deenen zwee Dichter charakteriséiert huet - déi vum Streiden, Fortlafen, a sech erëm versönen - war wuel och am Ferré sengem eegene Liewe Programm.

Seng éischt grouss Succèse si véier Joer hier, de Plackevertrag mat Barclay leeft weider, och wann hie mat ironesch a vitrioleschen Texter ëmmer erëm knapp un der Zensur laanscht schliddert.

Musikalesch gesinn ass et grad d'Einsamkeet, déi de Ferré ukierpt ze schreiwen an ze schreiwen. Beatniks sinn 1964 nach net genuch do an Europa, fir datt de Ferré sech kéint mat hinnen op eng Säit schloen, (wat hie vum 68 u wäert maachen), dofir geet hien a sengem Elfebeentuerm bei d'Rebelle vun der Vergaangenheet sichen.

Chanson a Symphonik

"Verlaine et Rimbaud" erschéngt op den éischte Bléck wéi eng niewesächlech Plack, déi tëschenduerch, tëschent Dier an Aangel entstanen ass, vun engem Chansonnier, deen ëmmer méi spontan gëtt a sech ëmmer manner Gedanken doriwwer mécht, wat de Public denkt.

Well mat sengem Arrangeur, dem Jean-Michel Defaye, feilt hie scho laang un engem ganz eegene Stil, deen de symphoneschen Orchester e puer Joer méi spéit sollt an déi populär Musek mat eranhuelen. Dës symphonesch Arrangementer sollte Legende wéi de Scott Walker oder de Benjamin Clementine inspiréieren.

Well wichteg ass den Orchester och op "Verlaine et Rimbaud" - an d'Plack léisst sech wéi eng Aart klasseschen Tableau verstoen, aus deem Spriechgesang an einfach a melodiéis Lidder erausstiechen. Dee Sound, dee spéider am 70er Pop sollt erëm optauchen, héiert een an de cornettéierten Trompetten, an Xylophonen op "Les assis", en Text aus dem Rimbaud sengem éischte Receuil. Hei kënnt och dem Ferré säi passionéierten a vu live Concerte bekannte Virdro-Stil zum Virschäin, nieft e puer Clin d'oeilen op säi Virbild Ravel an der Musek.

Sträit a Versönung

Et gëtt näischt erzielt vum Skandal, dee Paräis am Joer 1872 gerëselt huet, en Depart zesumme bei déi Geflücht vun der Commune an d'Belsch, d'Apparence vun der "fée carotte", dem Verlaine senger Fra, déi verzweiwelt probéiert, d'Apparence vun hirem Bestietnes ze retten, Streidereien, Departen, Bréiwer a Retrouvaillen.

Et schéngt, wéi wann de Léo Ferré, dee "Rimbaud et Verlaine" 1964 "dans la foulée" ophëlt, sech nëmmen un enger eenzeger Saach interesséiert: dem renge Gléck, wat hien an dëse Gedichter fënnt, an dat de Rimbaud an de Verlaine anenee fonnt hunn. Déi onbeschwéiert Fräiheet, déi besonnesch de Verlaine sech fir d'éischt a sengem Liewen erlaabt.

"Verlaine et Rimbaud" ass eng vun deene méi diskrete Poesievertoununge vum franséische Chansonnier, mee eng Prefiguratioun vun allem, wat hien e puer Joer méi spéit fir 68er Generatioun esou attraktiv wäert maachen. Fir Literaturverléifter a Frënn vum Orchester an der Popmusek, ee Geheimtipp.