Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll d'Frae feieren"

Neie Song vu C’est Karma

"Ech wëll d'Frae feieren"

Den alldeegleche Sexismus an de Paternalismus kritiséiert d'Lëtzebuerger Sängerin C'est Karma an hirem neie Lidd "Girls". Frae géif dacks net souvill zougetraut gi wéi Männer, a si wieren nach ëmmer op ville Plazen ënnerrepresentéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Martins Goldbergs

De ganzen Interview mat C'est Karma lauschterenplay_arrow


"This is the ode to Frida Kahlo ..." dat ass déi éischt Zeil am neie Song "Girls" vu C'est Karma. "Ech wëll d'Fraen encouragéieren an déi Fraen, déi ech bewonnere feieren", seet d'Lëtzebuerger Sängerin.

"Girls" ass awer och e Protestsong. "D'Theema Feminismus begleet mech scho ganz laang." D'Lidd wier entstanen aus der Frustratioun iwwer den alldeegleche Sexismus. D'Realitéit géif nach ëmmer net deem entspriechen, wat si sech géif wënschen.

"De Klischee geet net fort"

Konkret prangert d'Karma eng Bevormundung vu Männer un. "An dacks hunn ech d'Gefill, datt een enger Fra net souvill zoutraut wéi engem Mann. Oder, datt een net esou seriö geholl gëtt als Fra ..."

Am Kontext vun der Metoo-Diskussioun wier hir bewosst ginn, datt och eng jonk Generatioun d'Frae géif inculpéieren. "De Klischee, dee mir zanter Joerhonnerten hunn, geet net fort", seet d'Karma.

D'Roserei an der Musek erëmspigelen

Donieft prangert si d'Ënnerrepresentatioun vu Wierker vu weibleche Schrëftstellerinnen am Lycéesprogramm un. "Mir hu véier Sproochen. An zwee Joer hate mir genee een Text, dee vun enger Fra geschriwwe gouf."

D'Akkordprogression op "Girls" empfënnt d'Karma als opbauend. Si géif d'Lidd als "Empowerement Song" verstoen. An der Mëtt vum Lidd daucht en aggressiivt Instrument op. "Dat soll d'Roserei erëmspigelen, an déi Kraaft an déi Energie, mat där een deem Ganzen entgéintwierkt. "

Wärend der Produktioun wier kloer ginn, datt eng Verëffentlechung just virum 8. Mäerz sech géif ubidden. "Et passt thematesch, an et passt och vu mengen Iwwerzeegungen hier gutt. Et ass e gudden Zoufall."