De Fazil Say am Interview "Ech freeë mech nees hei ze sinn"

De Fazil Say ass e vill beschäftegte Pianist. Bannent ronn dräi Woche spillt hien zwee Concertoe vum Mozart an Däitschland, dräi Concerten a Schottland mam Beethoven sengem fënnefte Concerto an duerno nach véier Concerten zu Mainz mat ënner anerem dem Beethoven sengem 3. Concerto a sengem eegenen zweete Pianosconcerto um Programm. Virun all dësen Optrëtter ass de Fazil Say zu Lëtzebuerg fir säi Concerto "Water" zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an der Philharmonie ze interpretéieren. Eng Klangmeditatioun iwwer verschidde Gewässer, déi de Komponist 2012 komponéiert huet.

Luc Boentges / cz

Fazil Say
De Fazil Say an der Philharmonie

2012 gëtt de Fazil Say vum Gstaad-Festival an der Schwäiz gefrot, e Concerto zum Theema Waasser ze komponéieren. Mëttlerweil sinn aacht Joer vergaangen. A genee esou wéi bei Stécker vun anere Komponisten, verännert sech mat der Zäit och de Bléck op déi eege Wierker. Et géif een nei Saache léieren a sech mat de Jore veränneren, seet de Fazil Say

"Et ass ëmmer erëm e frëscht Gefill fir mech, natierlech. Virun aacht Joer hat ech aner Suergen, mee elo spillen ech d'Stéck pro Saison fënnef bis sechs Mol, an dat mécht Spaass."

De Fazil Say ass gläichzäiteg Komponist an Interpret vum Pianosconcerto "Water". Eng Situatioun, déi de Pianist als angeneem beschreift. Et wier ee méi fräi a well et dat eegent Wierk wier, kéint een och Feeler maachen, ouni datt et opfale géif. Bei Wierker vum Beethoven oder vum Mozart wier dat anescht.

Dräi Gewässer, dräi Faarwen

Opgedeelt ass de Concerto an dräi Sätz. Deen éischte baséiert um bloe Mier, deen zweeten op engem schwaarze Séi an deen drëtten op engem grénge Floss. A senger Kompositioun huet de Fazil Say awer keng reell Plaze vertount, mee "utopesch" Gewässer. Fir d'Stëmmung vun deenen eenzele Gewässer duerzestellen huet de Fazil Say eegen Instrumenter entwéckelt, déi hie vun Optrëtt zu Optrëtt transportéiert. Am Fall vu sengem Concert an der Philharmonie goufe se am Viraus op Lëtzebuerg geschéckt.

No sengem Optrëtt hëlt de Pianist se dann och nees an zwee schwéiere Koffere mat. Mat dësen Instrumenter wëllt de Fazil Say verschidde Klangfaarwe kreéieren, esou datt eng klanglech Meditatioun iwwer d'Waasser entsteet. All dëst vermëttelt de Fazil Say dem Orchester wärend de Prouwen. Dobäi géif et hëllefen, wann d'Museker scho mat sengem Wierk vertraut wieren. Hie selwer ass och well vertraut mam OPL.

"Viru Joren hunn ech well eng Kéier zesumme mam Orchester vu Lëtzebuerg gespillt. Dat ass e ganz flotten Orchester. An engem klenge Land ass e super Sall an e super Orchester. Ech freeë mech nees hei ze sinn.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Serge Tonnar, Ben Claus an Eric Falchero am Zuch
FreeMobility Festival

E Samschdeg waren op ville Plazen am Land Concerte fir den ëffentlechen Transport ze feieren. Fir all d'Kënschtler, mat deene mir geschwat hunn, wat et eng Evidenz, datt si bei där Manifestatioun dobäi wieren.

Gustavo Gimeno
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

De Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet säi Kontrakt bis 2025 verlängert. Dat gouf kuerz virum Concert mat der Geiistin Patricia Kopatchinskaja annoncéiert.

Sensu
RadioAktivitéit

De Sensu gëtt en Abléck an de Mystère vu sengem Handwierk. Eng Audienz opzebauen als DJ a Produzent mat enger experimenteller Perspektiv wier schwiereg. Mee dat kéim jo och mam Territoire.

Henri Vieuxtemps (1820-1881)
Komponist vum Mount

Den Herni Vieuxtemps war den Archetyp vum Virtuos am 19. Joerhonnert. Als Geiist a Komponist konnt hie joerzéngtelaang Dausende vu Leit begeeschteren. Ugefaangen huet alles am Alter vu siwe Joer.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen