Dausende vu Leit sinn an de Stroosse vu Verviers fir hirem bekanntste Bierger Äddi ze soen: Dem Geiist, Komponist a Professer Henri Vieuxtemps. Hien ass am Alter vun 61 Joer zu Mustapha Supérieur an Algerien an engem Sanatorium gestuerwen, nodeems hie well zanter aacht Joer keng Gei méi spille konnt. Säi Ruff huet doduerch awer net gelidden. Dee war weiderhi legendär, wéi de Philippe Koch, Konzertmeeschter beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg erkläert:
"En fait c'était une Rockstar. [...] Donc, à son funéral il y avait plus de dix mille personnes à Verviers dans les rues. Et moi j'ai vu des photos extraordinaires, où les gens sont suspendus à des grilles devant les hôtels particuliers ou les belles maisons. Debout à trois, quatre mètres, se tenant aux grilles pour voir passer le corbillard."
En Talent, dat sech fréi weist
Den Henri Vieuxtemps huet an der Welt vun der Gei zu deene ganz Grousse gehéiert. Dobäi huet alles ganz kleng mat enger Gei vu sengem Papp ugefaangen, wéi a senger Autobiographie ze liesen ass:
"Je suis né à Verviers, le 17 février 1820. Mon père était un peu musicien, jouait du violon et s'occupait de lutherie. C'est ainsi, qu'autant que je me souvienne, j'ai vu et entendu jouer du violon. A l'âge de quatre ans, mon père, sans autre but que celui de m'amuser, me mit un petit violon en main, me donna les premières notions de musique, m'enseigna ce qu'il savait."
Déi éischt Concertsrees
Zimmlech séier iwwerhëlt de Jong awer säi Papp, esou datt et un der Zäit ass, bei e professionelle Geiist ze goen. Dee fënnt sech mam Joseph Lecloux. Hien ënnerstëtzt de jonke Museker net nëmme mat Coursen, mee hien hëlleft him och bekannt ze ginn. Mat sechs Joer trëtt de Vieuxtemps déi éischte Kéier zu Verviers mat engem Orchester op, a mat siwe Joer geet et fir hie well op seng éischt Concertsrees, vu Léck iwwer Bréissel bis op Amsterdam. Eng grouss Chance fir de jonke Geiist.
"C'est ainsi que commença ma vie militante. Charles de Bériot, alors dans toute la fraicheur et le charme de son talent, m'entendit à Amsterdam; frappé des qualités qui se faisaient pressentir en moi, il proposa à mon père de se charger de mon éducation de musicien et de virtuose, proposition qui fut acceptée avec reconnaissance."
E begeeschterte Schumann
De Papp reest mat der ganzer Famill op Bréissel, wou den Henri Vieuxtemps beim Charles Bériot Course kritt. Do studéiert hien d'Partiture vun den ale Meeschtere Corelli, Tartini, Viotti Rode a Kreuzer. Schonn no kuerzer Zäit hëlt de Bériot säi Schüler mat op Paräis an den Théatre-Italien. Do spillt hien tëschent zwee Akte vum Rossini senger Oper Tankredi a gëtt direkt vun de Leit gefeiert.
Dëse Concert ass quasi de Startpunkt vun enger 40 Joer laanger Karriär als Virtuos op Concertsrees, ënnerbrach just fir e puer Joer, wou den Henry Vieuxtemps um Haff vu Russland engagéiert war. Am Kader vun esou enger Concertsrees spillt de Virtuos mat 14 Joer och zu Leipzig. Am Publikum souz deemools de Komponist Robert Schumann, deen den 28. Abrëll 1834 doriwwer an der Neuen Leipziger Zeitschrift für Musiek schreift:
"Wenn man von Vieuxtemps spricht, kann man wohl an Paganini denken. [...] Wir stehen hier unvermuthet vom ersten bis zum letzten Ton wie in einem Zauberkreis, der um uns gezogen, ohne daß wir Anfang und Ende finden könnten."
Eng ergräifend traureg Expressioun
Och ronn zéngJoer méi spéit wousst den Henry Vieuxtemps säi Publikum ze fesselen, allerdéngs net méi eleng. Esou liest een 1843 an enger New Yorker Zeitung en Artikel vum Nathaniel Parker Willis:
"Hien ass e klenge [...] Mann mat gëllene Réng a sengen Oueren an engem Gesiicht, dat souwuel distinguéiert, wéi och ellen, mee a senger Expressioun ergräifend traureg ass. [...] Hie spillt mat enger renger a kaler Perfektioun an hien huet ouni Zweiwel méi op der Gei geléiert, wéi seng Rivalen. [...] Seng Schwëster reest mat him (eng schéi Blondin, déi guer net esou ausgesäit wéi hien) a begleet hien um Piano."
Eng glécklech Koppel
Dës Schwëster ass eigentlech d'Josephine Eder, eng franséisch Pianistin, déi glat a guer net mam Henry Vieuxtemps Famill ass. Fir alle méigleche Gerüchter aus dem Wee ze goen, hu sech déi zwee héchstwarscheinlech als Brudder a Schwëster vermaart. Geklappt huet dat awer nëmme bedéngt, wéi een tëschent den Zeile vum Willis sengem Artikel liese kann. Mee schonn nëmmen ee Joer méi spéit war et dunn och guer net méi néideg esou eng Fassade opzebauen. D'Josephien Eder an den Henry Vieuxtemps hu sech nämlech zu Frankfurt am Main bestuet.
1868 ass d'Josephine Vieuxtemps-Elder un der Cholera gestuerwen an nëmme fënnef Joer méi spéit krut den Henry Vieuxtemps e Schlag. Op der lénker Säit geläämt war et him net méi méiglech Gei ze spillen. Hie lieft zeréckgezunn zu Paräis a verbréngt seng lescht Joren an engem Sanatorium zu Mustapha Supérieur an Algerien. Vun der Ëffentlechkeet vergiess gouf hien dofir awer net.