Radioen

On air

De Moien  |  Neil Diamond - Cherry, Cherry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Soundtrack vun enger Welt, déi aus de Fuge geréit"

Schlofzëmmerbléck

"E Soundtrack vun enger Welt, déi aus de Fuge geréit"

Wa schéin, epesch an ästhetesch op ënnerdréckend an dreckeg trëfft - déi Spannung zitt de Samuel Reinard aka Ryvage un. Op "Tulipe" schafft hie mat Knascht am Signal a liwwert e Lidd dat "donkel ass, awer net hoffnungslos".

auto_stories

3 min

De Projet Ryvage hätt de Samuel Reinard gestart, well e gären am Sëtze reest. Dat Gefill, fir an aner Realitéiten unhand vun der Musek ze flüchten, wier an der Lescht amplifiéiert a bestätegt ginn. Verschidde Saachen, déi hie musikalesch mécht oder och lauschtert, hätten duerch déi ganz Kris en anere Sënn ugeholl. D'Méiglechkeet wier do gewiescht Sujete méi am Fong ze traitéieren, wéi "wat bedeit et am Kapp ze reesen, wat ass d'Notioun vun der Zäit, respektiv d'Gefill vun Urgenz."

"Tulipe" wier ganz intuitiv a spontan entstanen. Konzepter hätt hien u sech gär, allerdéngs net am Ufank vum Kreatiounsprozess, wann eng Iddi entwéckelt gëtt. "Ech wollt déi Spannung tëscht där gefillter Verlangsamung vum Liewen duerch de Lockdown a gläichzäiteg dat Gefill vun extremer Urgenz a latent Panik festhalen." D'Lidd wier fir hien "e Soundtrack vun enger Welt, déi aus de Fuge geréit, donkel awer net hoffnungslos."

radio 100komma7 · Ryvage - Tulipe

Nom Benenne vum Stéck "Tulipe", wier dem Samuel Reinard opgefall, datt d'Inspiratioun vläicht op en Artikel zeréckzeféiere wier, deen en rezent gelies hat. Iwwer déi sougenannten Tulpenmanie am 17. Joerhonnert, wou Virus-infizéiert Blumme mat enorme Präisser iwwer d'Théik goungen, an zu enger Spekulatiounsblos gefouert hunn, déi dunn och geplatzt ass.

Och wann een déi Situatioun vun haut net mat där vun deemools vergläiche kéint, wieren trotzdeem verschidden Analogië present. "Eng globaliséiert Welt, grouss Differenzen, eng Aart vu kollektiv Hysterie an e Virus, deen eng weltwäit Kris provozéiert", esou de Museker.

De Samuel Reinard hätt Spannungen immens gär tëscht zwee verschiddenen Zoustänn, "wa Schéinheet a Gewalt nieftenee stinn, wa schéin, epesch an ästhetesch op ënnerdréckend an dreckeg trëfft."

"Wat ech bei deem hei Track e bëssen exploréiert hunn a wat ech méiglecherweis virufuere fir déi nächst ass justement méi mat Verzerrung ze schaffen, méi mat Knascht am Signal, fir net onbedéngt esou glaskloer ze sinn, wéi ech dat a mengen Tracks virdru villäicht war. Wann ech op dës Zäit reagéieren, da kann ech verschidde Sounds, wéi ech se virdru gemaach hunn, net onbedéngt einfach esou weider maachen."