Komponist vum Mount E Museker an enger Zäit vum Ëmbroch
De 5. Mäerz 1953 stierft de Serge Prokofjew zu Moskau. Kaum e Mënsch kritt mat, datt ee vun deene bedeitendste russesche Komponisten net méi lieft. Dee selwechten Dag ass nämlech och de Stalin gestuerwen, ënner deem sengem Regime de Prokofjew net ëmmer e liichte Stand hat. Haut ass de Serge Prokofjew ee vun de grousse Klassiker vum 20. Joerhonnert.
Russland war am 19. Joerhonnert e Land vun de grousse Géigesätz: op där enger Säit déi veraarmt Landbevëlkerung, déi nach mat urale Methode Landwirtschaft bedriwwen huet, op där anerer Säit déi grouss Stied, déi voll am Industrialiséierungsprozess waren.
Dës Géigesätz spigele sech och am politeschen Denken: wärend an deene ländlechen, ofgeleeëne Streecher nach gréisstendeels d'Feudalherrschaft vun de Landhäre gëllt, zirkuléieren an deene méi weltoppenen Industriezentren nei politesch Iddien, déi deen ale System a Fro stellen.
De Serge Prokofiew gëtt an d'Zäit vum Ëmbroch eragebuer: dee politeschen an dee kënschtlereschen. Hien huet zwou Revolutiounen an zwee Weltkricher erlieft.
E Studium am Zentrum vun der Revolutioun
1905 studéiert de Serge Prokofieff zu Sankt Petersburg, wéi do d'Revolutioun ausbrécht, déi an der Tragedie vum Bluttsonndeg een trauregen Héichpunkt erliewe sollt. Den 22. Januar 1905 sinn d'Aarbechter virun de Palais vum Zar gezunn an hu fir méi human Aarbechtskonditiounen, d'Ofschafe vun der Zensur an Agrarreformen demonstréiert.
Den Zar Nikolaus II. huet op d'Manifestante schéisse gelooss, an domat eng landeswäit Protestwell ausgeléist. Déi revolutionär Stëmmung huet och net virun den Diere vum Conservatoire vu Sankt Petersburg Halt gemaach. Besonnesch d'Professeren - mat un der Spëtzt den Direkter Nikolaj Rimsky-Korsakow - hate sech fir Reforme staark gemaach. D'Konsequenz war d'Entloossung vum Direkter vum Conservatoire, géint déi et hefteg Protester vun de Studente gouf mam Resultat, datt den Nikolaj Rimsky-Korsakow erëm a seng Funktioun agesat gouf.
Vill Kaméidi
Mat enger gewësser jugendlecher Naivitéit schreift de Student Serge Prokofjew sengem Papp iwwer de Studentestreik, datt hien net a säin Harmoniescours konnt goen, well de Conservatoire vu Studentegruppe blockéiert war, déi vill Kaméidi géife maachen, ouni awer konkret politesch Ziler ze formuléieren
An dësen onrouegen Zäiten entstinn déi éischt Kompositiounen - wéi Toccata Opus 11 - déi weisen, datt hei e jonke Komponist ënnerwee ass, deen eng eege Sprooch, eng staark Sprooch, intensiv an emotional, sicht.
Genuch Spillraum
De Prokofjew huet sech esou gutt et goung politesch op Distanz gehalen. Hien huet sech mam spéidere Sowjetregime ëmmer esouvill arrangéiert, datt e genuch Spillraum hat, fir seng eege musikalesch Iddien duerchzesetzen: "Ech selwer këmmere mech net ëm d'Politik; d'Konscht huet näischt domat ze dinn."
Mat der Oktoberrevolutioun vun 1917 war dat aalt Russland definitiv um Enn. D'Bolschewisten hunn ënner der Leedung vum Lenin d'Muecht ergraff an dem Land eng nei Uerdnung opgezwongen, déi virop individuell Fräiheeten ofschaaft.
Eng fruchtbar Zäit
Vun dëser Aschränkung war an der Konscht net vill ze spieren. De Contraire war éischter de Fall. D'Joren no der Oktoberrevolutioun gehéieren zu der beschter a fruchtbaarster Zäit vun der Avantgarde a Russland.
Et ass keen Zoufall, datt de Prokofjew an där Zäit e groussen Deel vu senge bekanntste Wierker schreift: dräi Pianosconcerti, d'Oper "Die Liebe zu den drei Orangen", "Visons fugitives", "Lieutnant Kijé" oder "Romeo a Julia". E profiléiert sech als "enfant terrible" vun der russescher Musek. "Von solcher Musik wird man irrsinnig" - esou reagéiert d'Press op den 2. Pianosconcerto.
E Bléck op de kapitalistesche Westen
Och wann de ganze Museksbetrib verstaatlecht ginn ass, esou ass en an de Joren no 1917 ganz weltoppen. Besonnesch déi nei Musek aus dem kapitalistesche Weste fënnt an där jonker Sowjetunioun groussen Uklang. Paul Hindemith an Arnold Schönberg, Darius Milhaud an Arthur Honegger ginn invitéiert fir hir Wierker opzeféieren. Op den Opereplakater an der déifster Provënz fënnt ee Wierker vu Richard Strauss an Ernest Krenek.
Ëmgedréit kréie vill sowjetesch Komponisten d'Geleeënheet, hir Wierker am Westen ze presentéieren. Vun dësem Pluralismus profitéiert och de Serge Prokofjew. An awer verléisst hien déi nei Sowjetunioun an der Iwwerzeegung, datt een als Museker ënner deem neie Regime net liewe kéint. Et ass awer grad an deenen zéng Joer, wou de Komponist net am Land ass, déi Zäit, wou hien am Museksliewe vu senger Heemecht ëmmer méi present gëtt.
En anere Wand
D'Press suivéiert mat vill Intressi seng musikalesch Entwécklung. De sowjetesche Staatsverlag bréngt seng Wierker eraus. Zu Moskau gëtt esouguer eng Ausstellung iwwer de Komponist organiséiert. De Serge Prokofjew ass senger Heemecht ëmmer verbonne bliwwen. Ze staark ware seng russesch Wuerzelen. 1927 ass hien no Jore vun der Wanderschaft eng éischte Kéier zeréck an der Sowjetunioun. 1936 ass et den definitive Retour.
Mee do huet schonn een anere Wand geblosen.