Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E kollaborative laangjärege Projet

cabane - Grande est la maison

E kollaborative laangjärege Projet

Onwarscheinlech Projeten dierf een net hetzen. Déi lescht fënnef Joer huet den Thomas Jean Henri gedëlleg an der Belsch en heemlecht Wierk orchestréiert. Seng Collaborateure waren nämlech net egal wien.

auto_stories

2 min

"Och wa mer eng kleng Häip brauche fir eis zeréckzezéien, dierf een net vergiesse säin Haus oppen ze loossen", seet den Thomas Jean Henri. De Bréisseler huet sech déi lescht Joren deementspriechend vill a seng Cabane viru schlechtem Wieder geschützt.

Seng Lidder sinn éierlech a romantesch, scheien net vu grousse Gefiller. Mee wéi den Titel vum Album et seet, ass säin Haus grouss. "Grande est la maison" ass am Kär vläicht eng solitär Visioun vun engem gebuergene Bléckwénkel aus, mee d'Ëmsetzung ass héchst kollaborativ.

De fréiere Batteur vun de belscher Formatioun Venus an déi eng Hallschent vu Soy un caballo huet op sengem neie Projet Folk Gréisste vu London, Paräis a Louisville zesummebruecht. Op de Vocals, de Will Oldham aka Bonnie Prince Billy an d'Kate Stables vun This is the kit. De Sean O'Hagan vun The High Llamas huet d'Sträicher-Arrangementer geschriwwen.

Organesch a lëfteg

Den Thomas Jean Henri huet zu Bréissel an op der belscher Plage d'Lidder déi lescht fënnef Joer geschriwwen. Um Album héiert een hien op der dréchener Gittar, déi dezent vun Akkord op Akkord danzt souwéi um Vibraphon.

Seng organesch a lëfteg Lidder si fruchtbare Buedem fir déi duuss Stëmme vun der Kate Stables a vum Will Oldham. An dem Sean O'Hagan seng ënnerdriwwen a verdreemten Arrangementer ginn der Aarbecht vum Nick Drake Arrangeur Robert Kirby gerecht.

Am Virfeld vun der Release vu "Grande est la maison" dëse Freideg huet den Thomas Jean Henri e Kuerzfilm erausbruecht, op deem e Frënn a Famill iwwer de Sënn vum Musekmaachen, de Kreatiounsprozess an dem Kënschtler seng Erwaardungen ausfreet.

En emouvant Wierk, op deem een ze spiere kritt, wat et bedeit Museker ze sinn, a wéi schwéier et engem fale kann e laangjärege Projet lasszeloossen.

Mat senge waarmen a gefëllten Harmonië Straicher a Vocalharmonien hëlt engem den neie cabane Album engem den Otem ewech. "Grande est la maison" bitt eng perséinlech Visioun, déi unhand vu magesche Collaborateuren oplieft. Déi einsam Nuechten um Pult hunn hir Friichte gedroen.