Radioen

On air

Notturno  |  Selvagem - Tamanqueiro

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E klengt Land mat ville Bühnen

Festival-Kultur

E klengt Land mat ville Bühnen

De Rock-A-Field war dës Joer bal kuerzfristeg annuléiert ginn. An 2017 kann een nees mat engem Food For Your Senses rechnen. Dat gouf ee bei enger Diskussioun iwwer Festivalkultur zu Lëtzebeurg gewuer.

auto_stories

5 min

Musekfans um Rock-A-Field (© Tim Lecomte)

"Mir sinn extrem verwinnt zu Lëtzebuerg mat Eventer." Dat sot de Sam Reinard vum Rocklab. Bei enger Table Ronde iwwer Festival-Kultur am Grand-Duché gouf kritiséiert, dass d'Koordinatioun vun deene ville Manifestatioune komplizéiert wär. De Site Plurio.net, op deem Organisateuren aus der Groussregioun hir kulturell Manifestatioune kënnen androen, wär immens schwéier ze benotzen. E gemeinsame Kalenner kéint net funktionéieren, genee wéi d'Billetterie Centrale, sou de Laurent Loschetter vum Atelier: "Alles wat de Staat probéiert vun uewen erof z'organiséieren, wou dann och fënnef Staatsbeamten dofir responsabel sinn, dat wäert ni goen." D'Kulturzeen géif ënnert sech eens ginn.

De Maart zu Lëtzebuerg wär limitéiert, sou de Laurent Loschetter. Och wann ee ganz grouss Nimm géif buchen, kéim ëmmer just eng gewëssen Zuel vu Leit, sou de Laurent Loschetter. "Dat ass well mir ëmzéngelt si vu grousse Festivalen."

Prime-Time fir Lëtzebuerger Museker?

Fir Lëtzebuerger Gruppen zu enger gudder Auerzäit um Rock-A-Field spillen ze loossen, misst ee kämpfen. Etabléierten Artiste wéilten och zur Prime-Time optrieden. Den Organisateur gesäit et als "Coup de pouce", fir vereenzelte Lëtzebuerger Gruppe virun ee volle Site ze stellen.

"Mir si géint eng positiv Diskriminéierung," sot de Luka Heindrichs. D'Land wär ebe kleng, an net jidderee kéint um 11 Auer spillen. Den Organisateur vum Food For Your Senses fënnt, datt d'Gruppe vu Lëtzebuerg dat als Motivatioun sollte gesinn, fir besser ze ginn.

Problemer mam Site

De Food for Your Senses war 2015 an 2016 ausgefall, well d'Organisateure keen adaptéierte Site fonnt haten. De Problem wär awer ni bei de Gemenge gewiescht, sou de Luka Heindrichs. Et hätt ëmmer un environnementelle Contrainten oder Buedemkontaminatioune geleeën.

D'Asbl géif weider no engem Terrain sichen. De Luka Heindrichs ass zouversiichtlech, datt et 2017 nees ee "Food" wäert ginn: "Ech mengen, datt mir dat packen. An datt déi zwee Joer Paus eng gutt Saach waren, fir eis ze rezentréieren." De positiven Effekt wär och, datt d'Manifestatioun wéinst der Annulatioun vill an de Medie gewiescht wär. Bei der Sich no Sponsore kéint déi Bekanntheet elo hëllefen, sou de Luka Heindrichs.

Public Forum am Gudde Wëllen (Foto ©Forum)

Och de Rock-A-Field hat dëst Joer Problemer mam Site. De Commodo/Incommodo wär net acceptéiert ginn, well um Terrain zu Réiser guer kee Festival dierft organiséiert ginn, sou de Laurent Loschetter: "No zéng Joer ass iergend een Tëntepisser vum MDDI, deen dat erausfonnt huet." De Buergermeeschter vu Réiser wär schlussendlech beim Ministère intervenéiert, fir datt de gréissten Open-Air Festival vu Lëtzebuerg kéint iwwer d'Bühn goen.

Journalismus oder PR?

Och iwwer d'Roll vun der Press gouf diskutéiert. "Ech mengen net, datt si do si fir Promotioun ze maachen", sot de Sam Reinard. Et wär wichteg, datt Kulturjournaliste géife Positioun bezéien, an och mat Lëtzebuerger Museker kritesch wären.

Den Atelier géif mierken, datt d'Press extrem u Pouvoir verluer hätt. "Si si guer net méi Trendsetter", sou de Laurent Loschetter. D'Leit géife sech iwwer aner Weeër iwwer déi kulturell Offer informéieren. Allgemeng gouf et de Wonsch no onofhängege Fanzinen oder Bloggen. Duerch Initiative wéi De Bloe Baaschtert oder Disagreement wär d'Zeen iwwerhaapt mol un d'Rulle komm, huet de Marc Scheer vu Cooperations ënnerstrach.

D'Gespréichsronn "Festivalszene in Luxemburg - Kampf oder Kooperation" gouf vun der Zäitschrëft Forum organiséiert.


Audio: Déi integral Opnam vun der Table Ronde
​​

Um Gespréich bedeelegt waren: