Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E gutt Joer

D'Klassik-CDe vun 2019

E gutt Joer

Gutt Echoen an der Fachpress an international Unerkennung: D'Joer 2019 war fir déi Lëtzebuerger CD-Produktiounen een exzellente Cru, op deen de Guy Engels an de Manuel Ribeiro zeréckkucken.

auto_stories

5 min

Mat den SEL an Amerika an an de Weltall

D'Solistes Européens, Luxembourg hunn dëst Joer zwou CDe publizéiert. Eng ënner dem Label Rubicon mat Wierker, déi an Amerika entstane sinn an eng ënner dem eegene Label mam Titel "Space Odyssey". Dës zweet Produktioun ass e Live-Matschnëtt aus dem September 2018 mat zwee Wierker um Programm: D'Uropféierung vum Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen sengem Wierk "Orbital resonances" an d'Planéite vum Gustav Holst. Virun allem dëst zweet Stéck fält duerch seng Feinheeten op. Well d'Solistes Européens, Luxembourg net esou grouss wéi aner Orchestere sinn, kritt d'Wierk an hirer Interpretatioun e kammermusikalesche Charakter.


E Spezialist vun den Intégralen

Nodeems de Jean Muller sämtlech Beethoven-Sonaten opgeholl huet, dréit sech säin neiste Projet elo ëm de Wolfgang Amadeus Mozart. Dëst Joer koum déi zweet CD aus senger Intégrale mat Mozart-Sonaten eraus. Um Programm stinn d'Sonaten Nummer eent, véier, sechs an aacht.


André Jolivet mat der Hélène Boulègue

Och d'Hélène Boulège huet dëst Joer mat enger Intégrale op sech opmierksam gemaach. D'Flüttistin vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet sech dru ginn, fir sämtlech Kompositioune fir Flütt an all méigleche Besetzunge vum André Jolivet opzehuelen. Mat der éischter CD aus dëser Serie gouf d'Hélène Boulèque fir d'International Classical Music Awards 2019 nominéiert.


Weltwäit déi éischt Opnamen

Nieft der Hélène Boulègue huet 2019 e weidere Museker aus dem OPL eng CD publizéiert. De Cornist Leo Halsdorf huet sech fir säin éischten Disk Musek vum Laurent Menager a vum Camillo Schumann erausgesicht. Um Programm stinn dem Lauren Menager säi Stéck "Sur la montagne" an zwou Sonaten an dräi "Vortragsstücke" vum Schumann. Et ass weltwäit déi aller éischte Kéier, datt dës Wierker vum Schumann opgeholl goufen.


Dräi Diske vum OPL

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet ënner sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno dräi verschidden Disken erausbruecht. Mat sengem éischten Disk vun 2019 mat Wierker vum Claude Debussy ass den OPL senger DNA trei bliwwen. Méi interessant ass déi zweet Opnam, déi e gemaach huet: d'"Petite Messe solennelle" vum Gioacchino Rossini. Dës Opnam fënnt an Zukunft mat engem weidere Projet seng Fortsetzung. A senger aktueller Saison huet den OPL nämlech dem Rossini säi "Stabat Mater" opgeholl, an och dës Opnam soll als CD erauskommen. Ganz rezent huet den OPL dem Sergei Prokofjew säi "Pier an de Wollef" publizéiert. De Serge Tonnar huet den Text an d'Lëtzebuergescht iwwersat a fir d'Opnam ageschwat.


Neien Numm mat neier CD

De fréiere KammerMusekVeräinLëtzebuerg heescht zanter dëser Saison Kammerata Luxembourg. Ënner dësem Numm huet den Ensembel en éischten Disk mam Titel "Hommage à Schumann" publizéiert. Dorop fënnt een nieft Arrangementer vun dräi Schumann-Stécker och zwee Wierker vun de Komponisten György Kurták a Jörg Widmann.


Saudades

Op sengem Album mam Titel Saudades proposéiert de Pianist Romain Nosbaum Wierker aus Südamerika, ënner anerem vun de Komponiste Manuel de Falla, Alberto Ginastera an Heitor Villa-Lobos.


Und hab' so große Sehnsucht doch...

Aus enger Wallis mat Nouten, déi op engem Späicher fonnt gouf, huet sech e ganze Projet ronderëm d'Komponistin Helen Buchholtz entwéckelt. D'Sopranistin Gerlinde Sämann an de Pianist Claude Weber hunn 2019 en duebelen Album opgeholl, op deem si Melodien a Ballade vun der Komponistin mat Wierker vun zäitgenëssesche Komponistinne verbonnen hunn.


American Soul

Den Duo Rosa, deen aus der Sopranistin Stephany Ortega an der Pianistin Léna Kollmeier besteet, huet 2019 säin zweeten Album erausbruecht. Ënner dem Titel "American Soul: From Broadway to Paris" proposéiert den Duo ënner anerem Musek vu Leonard Bernstein, Kurt Weill an George Gershwin. Och dës CD war fir d'International Classical Music Awards nominéiert.


Reflexiounen iwwer d'Rou

De Perkussionist Christoph Sietzen proposéiert 2019 en Disk zum Thema "Silence". Et ass him ganz bewosst drëms gaange fir ze weisen, datt d'Perkussioun net ëmmer en Instrumentarium ass, wou ee muss haart sinn, mee wou een och ka ganz intim Melodië spillen. Op dësem Disk proposéiert hie Stécker, bei deenen et ëm vill Intimitéit a Rou geet.


Molly & Monroe

Op dem Disk "Molly & Monroe: Pas de Deux durch die Zeiten" vun der Komponistin Catherine Kontz geet et ëm Genren aus den 20er an 30er Joren, wéi de Cabaret oder de Kurt-Weil-Stil. Molly & Monroe waren zwee Dänzer, déi virum NS-Regime geflücht si fir weider kënnen Danzcoursen ze ginn a selwer ze danzen.