Duval Timothy - "Help" E couragéiert Understatement
De britteschen Klangkënschtler Duval Timothy presentéiert mat "Help" e minimalistesch gepräägten Album, deen awer duerch eng opulent Klangpalett iwwerzeegt. Abstrakt Konscht trëfft hei op politesch Messagen.
Sicht hei een Hëllef oder bitt e se un? Dat ass eng vun de sëllege Froen, déi engem beim neien Album "Help" vum brittesche Klangkënschtler Duval Timothy an de Kapp kommen. Mee "Help" ass keen Album fir einfach Äntwerten, et ass net mol een Album fir einfach Froen.
Villméi muss ee sech hei op d'Ongewëssheet aloossen an op d'abstrakt Klangbiller, déi dësen Album charakteriséieren. Klangbiller net nëmmen am iwwerdroene Sënn, well de multidisziplinären Tausendsassa Duval Timothy och als Moler, Sculpteur, Fotograf, Kleederdesigner an souguer als Kachbuchauteur täteg ass. Säin eegent Label, op dem de mëttlerweil véierten Album vum Timothy released gouf, huet hie sënngeméiss "Carrying Colour" genannt.
Et sinn abstrakt a minimalistesch Klangbiller, déi den Timothy mat sengem akustesche Piano op "Help" zeechent. Um Track "Look" ass d'Stëmm vum renomméierten amerikanesche Moler Ellsworth Kelly ze héieren, deen Dekoratioun mat schlechter Molerei gläichsetzt.
Dem Kelly säi Credo, datt besonnesch minimalistesch Konscht eng investigativ Reflektioun ervirrifft, duerchzitt dem Duval Timothy säi kreative Prozess. Op "Help" gëtt et kee musikalesche Schnickschnack, vill méi ass et d'Einfachheet vun de waarme Klangtexturen, déi beandrockt. Seelen huet sech een Understatement esou opulent a couragéiert unhéieren.
Knallhaart an direkt Statements
Trotz aller Zeréckhalung ginn et op "Help" och knallhaart an direkt Statements wéi am Track "Slave". An dësem etabléiert den Duval Timothy een direkte Lien tëschent dem historesche Sklavenhandel an der Museksindustrie vun haut, déi d'Kënschtlerinnen a Kënschtler exploitéiert.
An der Mëtt vum Stéck ass een Interviewausschnëtt vum Museker Pharrell Williams ze héieren, an deem hien eng kloer Fuerderung un d'Majorlabels stellt: "partner with me but don't own me". Et wier ongerecht, datt Musekerinnen a Museker dacks keng Rechter un hiren eegenen Opname géife besëtzen. Den Duval Timothy, deen afrikanesch Originnen huet, wëllt och op dës subtil Aarte vun Ënnerdréckung opmierksam maachen a weisen, wei een Effet dës op kollektiv Identitéiten hunn.
Zwou Heemechten
Iwwerhaapt schéngt d'Thema Identitéit - op perséinlech oder kënschtleresch - eng grouss Roll am Duval Timothy senger Aarbecht ze spillen. Säi leschten Album "2 Sim" war d'Erzielung vun engem Liewe mat zwou verschidde Sim-Kaarten, déi zwou Heemechte symboliséieren.
Am Timothy sengem Fall sinn dat London a Sierra Leone, wou seng Famill lieft. Dacks musikalesch beweegt sech den Timothy gären tëschent de Genren, ouni sech op eent festzeleeën. Op "Help" vermësche sech UK Bass, funkegen RnB, Modern Jazzkompositiounen, fuzzy Bluesgittaren, Dreampopkulissen a Field Recordings. An dat alles esou subtil, datt et ni den iwwerluedene Sound-Overkill erreecht, un deem sou vill aner Albe scheiteren.