Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Cadeau vum Liewen"

Piano

"E Cadeau vum Liewen"

D'franséisch Pianistin Lise de la Salle verstoppt am Gespréich mam Manuel Ribeiro net wéi glécklech si mat hirem Beruff ass. D'Museker mat deene si zesummeschafft, d'Ënnerstëtzung déi si kritt, d'Entdeckungen déi se mécht, dat alles wier eng "richesse infinie". Als virwëtzeg Persoun wier si erfëllt an hiren eenzege Wonsch wier et, datt et esou virgeet.

auto_stories

2 min

©Lynn Goldsmith

D'Lise de la Salle war schonn ëfters hei zu Lëtzebuerg, ënnert anerem fir e Concert mat de Solistes Européens (SEL) ënnert der Direktioun vum Christoph König. Den 1. Februar war d'franséisch Pianistin a Begleedung vun de SEL an engem Programm mam Ravel sengem faméise Concerto en sol ze héieren. E Concerto an dräi Sätz, deen d'Lise de la Salle besonnesch gär interpretéiert.

D'Pianistin verréit, datt si de Sall vun der Philharmonie um Kierchbierg fir hir Akustik gär huet. De Christoph König wier fir si och den idealen Dirigent dee si begleede kann, ebe well hien déi selwecht Optik vun den Interpretatioune géing deelen. Wat den Orchester SEL ubelaangt, lueft si den Ensembel fir hier waarm Atmosphäre an hiert motivéiert Spillen an Asaz.

Jonk an erfollegräich

D'Pianistin Lise de la Salle huet zanter 2001 international eng Renommée opgebaut a spillt reegelméisseg an de groussen europäeschen, US-amerikaneschen an asiateschen Haiser. Sief et an der Berliner Philharmonie, am Concertgebouw Amsterdam, an der Sunturoy Hall zu Tokyo oder an der Avery Fisher Hall zu New York: reegelméisseg trëtt si als Solokënschtler fir Pianosrécitalen op, oder als Solist a Begleedung vun deene bekannte lokalen Orchesteren. Chicago Symphony, Orchestre National de France, Wiener Symphoniker an nach vill anerer. Och Zesummenaarbechte mat Dirigenten, déi di selwecht musikalesch Visioun hu wéi si, ass eng Saach déi dem Lise de la Salle besonnesch um Häerz läit. Sir Andrew Davis, Marek Janowski, Sir Neville Marriner, Andrew Litton, Robin Tacciati, Christoph König an anerer.

An Punkto Diskographie huet d'Lise de la Salle och vill Erfolleg. Eng Partie Opname goufen esou zum Beispill vun der Fachpresse gelueft. Zanter 2002 schafft si mam Label Naïve, mat engem Programm mat Ravel a Rachmaninov. 2011 huet si eng CD mat engem Liszt-Programm opgeholl, dee mat engem Diapason d'Or ausgezeechent gouf.

D'Lise de la Salle, Joergang 1988, huet iwwregens mat véier Joer ugefaang Piano ze léieren a krut 2004 en éischte Präis um Young Concert Artists International Auditions zu New York. An hire Museksstudie war et de Pascal Némirovski dee si weiderbruecht huet. Geléiert, huet d'Lise de la Salle de Piano am faméise Conservatoire Supérieur de Paris - CNSM, en Institut deen am Piano bekanntlech e weltklasse Studium ubitt.