Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Got To Be Who U Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Düster an nuancéiert

Klassik-CD vun der Woch

Düster an nuancéiert

Dem Dmitri Schostakowitsch seng zwee Geieconcerti sti fir zwou decisiv Etappe vu sengem Liewen. De Concerto Nummer 1 schreift hien ënner der Stalin-Diktatur, ënner der stänneger Angscht, selwer Affer vum Regime ze ginn. Den zweete Concerto ass de leschte Solo-Concerto, deen de Schostakowitsch komponéiert. Den Ivan Pochekin huet elo béid Wierker nei opgeholl.

auto_stories

2 min

Dem Dmitri Schostakowitsch säin éischte Geieconcerto fänkt mat engem düsteren Unisono un. No dëser kuerzer Ausso an den déiwe Sträicher héiert een d'Gei mat hirem laangen, intensive Monolog. De Geiist Ivan Pochekin hëlt sech fir seng Interpretatioun vill Zäit. Hien deent d'Nouten, hält se duerch Spannung um Liewen a verzielt esou eng Geschicht. De Russian National Orchestra bleift dobäi ganz am Hannergrond an ënnerstëtzt de Monolog vum Geiist andeems e Stëmmungen ouni eegen Aussoen entstoe léisst.

Eng lieweg Interpretatioun

Anescht ass et am zweete Saz vum éischte Concerto. Net nëmmen trëtt den Orchester hei däitlech an den Dialog mat der Gei, mee en iwwerhëlt zum Deel seng Aussoen a féiert se weider. Wat virdrun en onendleche Monolog war, ass elo ee mat vill Energie interpretéierten Danz.

Säin zweete Concerto huet den Dmitri Schostakowitsch 1967 geschriwwen. Och dëst Wierk huet en düstere Grondcharakter, obwuel et an engem méi positive Kontext entstanen ass. De Schostakowitsch huet d'Wierk nämlech fir de 60. Gebuertsdag vum Geiist David Oistrach geschriwwen. An dat héiert ee virun allem am lieweg interpretéierten drëtte Saz eraus.

Vill Nuancen an der Dynamik

Alles an allem geléngt et dem Ivan Pochekin déi verschidde Stëmmunge vun a bannen de Concertoe mat senger Gei anzefänken, a se op Basis vun engem düstere Grondtoun ze variéieren. De Russian National Orchestra begleet hien dobäi ganz dynamesch, mat vill Nuancë souwuel an der Dynamik, wéi och am Charakter.