Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Galactic Romance Feat. Yu-Ching Huang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Popsongs mat Variatioun, Déift, a Geheimnis

Drab City - Good Songs For Bad People

Popsongs mat Variatioun, Déift, a Geheimnis

Eng Debut-Plack fir ze lauschteren an ofzeschalten, erausbruecht vum amerikaneschen Duo Drab City. "Good Songs for Bad People" proposéiert eng zéng handwierklech impeccabel ficeléiert Popsongs.

auto_stories

2 min

Foto: Drab City / Facebook

Intensiv Songtexter op engem Bett vu cinemateschem Sound, dat war an der Rockmusek schonn ëmmer eng fruchtbar Verbindung. Och déi nach jonk Band start mat dëser virdeelhafter Mëschung. Op hirem Debut-Album "Good Songs for Bad People" verféiert eng melliferéis Stëmm d'Oueren dozou, sech op trip-hoppeg Beats anzeloossen, wat séier verzeien deet, datt den Titel vun der Plack gläichzäiteg no Selbstluef sténkt, an den Nolauschterer indirekt beleidegt.

Do dierf et schonn hei an do ee Vibraphon, eng Querflütt, eng séiss Straicherlinn sinn, fir der Sängerin Asia, där hire Familljennumm keen op der Welt ze kenne schéngt, hir Geschichten a Gedanken, ze verdéiwen an opzehellen.

Am Song "Working for the Men", déi éischt Advace Single, déi virun e puer Méint d'Ronn gemaach huet, erzielt d'Asia vun enger Fra, déi beim Floss fir d'Männer d'Wäsch mécht, bis e Militärboot laanschtkënnt a mat Kanounen op si schéisst.

Subtil Paradoxer

Eng Aart trageschen, sensibelen Zynismus fléisst aus der Stëmm, wärend d'Produktiounen hannendrun, vum Asia zesumme mam Bandpartner Chris Dexter Greenspan concoctéiert, de Wierder hir Kanouneschëss an Zäitlupp ze setze schéngen, hir Impakter duuss a sametteg an enger Surface, déi sech dematerialiséiert. Paradoxer sinn opschlossräich a bei Drab City esouguer dacks zimmlech subtil.

De Gebrauch vu gesampelte Panflütten op liicht düster Manéiere kann ee vun de mysteriéisen EERAS kennen, de Vibraphon erënnert un de Fransousen Air hire Soundtrack fir dem Sofia Coppola hire "Virgin Suicides" d'Rhythme mat Momenter u Portishead, d'Straicher un déi éischt Plack vun der Alison Goldfrapp.

Handwierklech impeccabel Popsongs

Et ass also näischt Neies oder komplett ausser der Rei um Drab City hirem Instrumentarium. Wat déi zwee Amerikaner hei zu hirem Sound distilléiert hunn, ass awer och méi wéi just eng Nuance vun deem, wat ee schonn héieren huet.

"Good Songs for Bad People" hält an deem Sënn säi Verspriechen a proposéiert eng zéng handwierklech impeccabel ficeléiert Popsongs mat Variatioun, Déift, Flair, Stëmmung an der richteger Portioun Geheimnis. De Potenzial vun Drab City jäizt op jiddwer Fall quasi aus dëse Kläng eraus, an deet op méi hoffen.