Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - 33 "God"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Trennung mat engem wonnerbare Resultat

Album vun der Woch

Eng Trennung mat engem wonnerbare Resultat

Wann eng Relatioun an d'Bréch geet, dann ass dat am Allgemengen näischt Schéines. Ausser, et kënnt ee wonnerbaren Album dobäi eraus. De siwenten Album vun Dirty Projectors ass dofir ee gutt Beispill.

auto_stories

3 min

Dirty Projectors: den David Longstreth ass erëm (bal) eleng ënnerwee (Foto: Jason Frank Rothenberg)

"Wenn zwei sich streiten..." – Da freet sech an dësem Fall de Rescht vun der Welt. "Dirty Projectors", dee siwenten Album vun der Band "Dirty Projectors" ass ee Breakup-Album. De Mastermind David Longstreth verschafft an néng Titelen d'Trennung vu senger laangjäreger Liewens- a Musekspartnerin Amber Coffman. Ronn 10 Joer huet si bei den Dirty Projectors den Toun mat uginn, als Gittaristin a Backing-Sängerin. An elo ass et eriwwer. D'Detailer vun der Relatioun a vun der Trennung gitt Dir all um Album gewuer.

De Longstreth hëlt kee Blat virun de Mond. Gläichzäiteg liwwert hien dee stäerksten Album aus der Geschicht vun Dirty Projectors of. D'Band entwéckelt sech nees zu engem Ee-Mann-Projet, sou wéi d'Aventure uganks den 2000er, wéi de Longstreth nach Student war, ugefaangen hat. Dee siwenten Album vun den Dirty Projectors ass ee Meeschterwierk, op deem de Sänger, Museker a Produzent de Sommet vu senger Virtuositéit erreecht.

Ee faarwege Melange

De Longstreth trompt op mat räich orchestréierten Arrangementer, mat syncopéierten a vertrackte Beats, recherchéierte Samples a Lidder voller Déift, voller Emotiounen a voller Iwwerraschungen. Den Album ass wonnerbar onberechenbar. E stécht voller Géigesätz, déi sech op eng onerwaart kohärent Manéier ergänzen. Op de maximalisteschen an nervösen "Work Together" setzt de Museker, zum Beispill, déi léif an accessibel Ballad "Little Bubble". An dat ouni de roude Fuedem vum Album ofzebriechen.

Stilistesch ass de Longstreth um neien Album staark vu schwaarzer Musek beaflosst. Vun R&B, Gospel, Soul an Hip Hop. Dat wonnert een net, wann ee weess, datt hien ënner anerem um Solange sengem "Seat At The Table" matgeschafft hat. Awer och Kraut-, Prog- an Art-Rock-Momenter fannen hire Wee an de faarwege Melange. Iwwer den inspiréierten Arrangementer schwäift dem Sänger seng Stëmm. Mol an hirer ganzer zaarter Fragilitéit, mol geduebelt, mol am Chouer, a ganz dacks gesampelt an zerschnëppelt.

Zu kengem Moment pretentiéis

Nodeems hie sech op sechs Titelen duerch d'Relatioun mat der Amber Coffman gequäält huet, fënnt de Sänger op "Ascent Through Clouds" zu sech selwer zeréck. Hien entdeckt seng nei Fräiheeten a blitt op, gëtt nei gebuer. Op der Single "Cool Your Heart" iwwerrascht de Longstreth da mat engem Duett mat der amerikanescher R&B-Sängerin D∆WN.

"Dirty Projectors" ass ee beandrockende Pop-Album, deen engem mat Momenter den Otem hëlt. Trotz alle Stil-Exercicen ass d'Musek awer zu kengem Moment pretentiéis. An trotz deem héijen techneschen Niveau gëtt et zu kengem Moment akademesch oder kitscheg. Den David Longstreth proposéiert ee vun deene bis elo spannendsten Albume vun 2017.