"Ech si kee rouege Mënsch bannendran. Ech kann ni laang op der selwechter Platz bleiwen, a benotzen d'Musek fir e Wee ze fannen, just "ech" ze sinn. Heiansdo brauch ech dofir ganz vill Kaméidi, an heiansdo eppes ganz Duusses". Esou erkläert den Aris Bassetti déi kontrasträich an intensiv Musek vu Peter Kernel, déi Rockband, déi hien 2005 mat der Barbara Lehnhoff zesumme gegrënnt huet.
Iwwert d'Joren huet de Projet en Eegeliewen ugeholl, d'Batteuren enchaînéiert bis rezent d'Decisioun gefall ass, elo mat zwou Trommelen opzetrieden. Och ass 2013 der Lehnhoff hire Solo-Projet Camila Sparksss entstanen, deen zu Ufank vum Bassetti produzéiert war an haut ganz onofhängeg funktionéiert. Deen drëtte Projet am Bond ass engem vun de Batteure säi Soloprojet an heescht kuerz Tambor.
Peter Kernel schaffen un engem Nofollger fir hir 2018ter Plack "The Size of the Night", déi ganz um Häerzschlag a sengem Rhytmus orientéiert soll sinn. Heifir hu si bei hire Liblingsbatteure Schnipselen ugefrot, déi als Samplematerial fir d'Songs sollen duerhalen. "Mir hunn eréischt ee Song fäerdeg, dofir spille mir an der Kulturfabrik nach keen neit Material." Mee keng Suerg, aus 15 Joer Diskographie léisst sech fir de Concert ee Set zesummestellen, deen iwwerzeege wäert: "Mir fänken ëmmer mat engem gutt haarde Stéck un, eent, wou esou vill Noise dran ass, dass een net vill ka falsch maachen. Ab deem Moment fille mir eis op all Bün doheem, an déi méi subtil Stécker maachen eis keng Angscht méi."