Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Plot Armor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Trompettist Philippe Schartz

Musek am Gespréich

Den Trompettist Philippe Schartz

De Philippe Schartz, Joergang 1969, huet als Kand an der Schëfflenger Musek ugefaangen Trompett ze spillen. Et huet net laang gedauert, an dat jonkt Talent schreift sech am Escher Conservatoire an an huet ëmmer méi Spaass mat sengem Instrument.

auto_stories

1 min

No senger Première verléisst hie Lëtzebuerg, well hien d'Chance krut, an England Musek ze studéieren. Aus deem wat am Ufank just Spaass war, ergëtt sech eng Leidenschaft, an de Philippe Schartz entscheet sech, eng professionell Karriär ze maachen.

22 Joer elo ass de Philippe Schartz Solo-Trompettist am BBC National Orchestra of Wales. 22 Joer, an deenen hien och CD-Produktioune matgemaach huet, Meeschtercourse gehalen oder als Solist mat aneren Orchesteren opgetrueden ass.

Mee de Philippe Schartz huet Lëtzebuerg net vergiess. Reegelméisseg kënnt hien heem, fir Museksprojeten oder fir seng Famill a Kolleegen erëmzegesinn. Aktuell ass de Brexit een Theema, dat och déi net-brittesch Museker an England, wéi eben de Philippe Schartz, beschäftegt.


Genuch Theeme fir de Manuel Ribeiro am Gespréich mam Trompettist Philippe Schartz.