Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Renaissance an d'21. Joerhonnert

Musikalesch Visitekaart: Olivier Frank

Vun der Renaissance an d'21. Joerhonnert

Den Olivier Frank fënnt Konscht interessant, déi an enger Scharnéier-Zäit enstan ass. Wéi zum Beispill um Enn vum 16. Joerhonnert, "enger onglaublech spannender Zäit". D'selwescht begeeschtert schwätzt den Direkter vum Institut Pierre Werner iwwer elektro-akkustesch Musek aus den 1960er Joren.

Guy Engels / po

auto_stories

4 min

Lass geet et mat engem Stéck aus dem 16. Joerhonnert: “Libera me Domine” aus dem Requiem vum Eustache de Caurroy. Den Olivier Frank huet "d'Strengheet" vun där Musek" gär. Hie stellt sech Musek ëmmer och bildlech vir: An deem heite Fall stellt hie sech d'Doudesmass vum Henri IV zu Saint-Denis vir, "déi éiweg gedauert huet", a wou dëst Stéck vum du Caurroy gespillt gouf. Obwuel hie guer kee reliéise Mënsch ass, ass hie faszinéiert vu sakraler Musek, déi iwwer sech eraus weist.

Ee "bulimesche" Goût

Weider geet et mat "Sonata sopra Sancta Maria", engem Extrait aus der “Marievesper” vum Claudio Monteverdi. Seng musikalesche Goûte beschreift den Olivier Frank als "éischter bulimesch". De Choix vun de Stécker fir seng musikalesch Visitekaart ass him net einfach gefall, aus Zäitgrënn misst ee souvill wichteg Komponisten ewech loossen. Op der anerer Säit wier dat d'Geleeënheet driwwer nozedenken, wat engem eigentlech an engem bestëmmte Moment wichteg ass. "Bei allem wat den Ament an der Welt geschitt" géif hien an der Musek den Ament Reconfort sichen. Dohier eng Playlëscht mat Musek, "déi Trauer, Freed an och eng gewëss zréckhalend Sentimentalitéit" ausdréckt. A grad de Monteverdi géif dat "op eng fantastesch Aart a Weis" erméiglechen.

Nächst Stéck ass “Siehe, nach Trost war mir sehr bange” aus "Israels Brünnlein” vum  Johann Hermann Schein. Mat den éischten dräi Stécker huet dës musikalesch Visitekaart schonn eng kleng Europarees gemaach, duerch Frankräich, Italien an Däitschland. Dat géif seng kulturell Virléifte rëmspigelen, seet dozou den Direkter vum "Institut Pierre Werner". Hien hätt sech dofir agesat, dass dat europäescht Kulturinstitut ee méi staarken Akzent op Geeschteswëssenschaften a Literatur setzt.

Zum Francesco Cavalli sengem “La Callisto”, dat 1651 zu Venedeg uropgefouert gouf, seet den Olivier Frank: "De Kierper reagéiert op esou Musek, dat swingt." Dës Musek erënnert hien un d'Inszenéierung vum Herbert Wernicke zu Bréissel an der Monnaie-Oper. Eng Inszenéierung, déi den Theater vu Lëtzebuerg puer Joer dono och iwwerholl huet.

Mam éischte Saz vum Felix Mendelssohn Bartholdy sengem Quartett op. 44/3, ass et dann ee grousse Sprong an d'19. Joerhonnert. Den Olivier Frank bedauert, datt de Mendelssohn laang als éischter "seichte" Komponist ënnerschat gi wier. Dobäi hätt seng Musek eng Rigorositéit: "All Takt ass thematesch gebonnen, a groussaarteg geféiert.

Oueren opmaachen, w.e.g.!

Weider geet et mat Musek vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners a vum Karlheinz Stockhausen. De Stockhausen ass fir den Olivier Frank ouni Zweiwel, dee charismateschste Museker, deen hie kenne geléiert hätt. Seng elektro-akustesch Musek aus de 60er Jore bezeechent hien eng Pionéierleeschtung. Et wier net just drëms gaange Kläng ze verstäerken an ze veränneren, mee eng nei Klangwelt mat elektroneschen Apparaturen ze entwerfen.

De Matgrënner vun der "Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek (LGNM)" huet kee sou grousst Versteesdemech fir Leit, déi dës Musek fir schwéier accessibel halen: "Et muss een och iergendwann wëllen eng gewëss Disponibilitéit hunn." Et wier e Mëssverständnes ze mengen, et géing een déi eng Musek verstoen, nëmme well ee gewinnt ass se ze héieren. D'Musek vum Claude Lenners gären ze hunn wier net méi komplizéiert, ewéi eng Symphonie vum Beethoven z'appreciéieren. Et misst ee just de Wëllen dozou hunn an d'Oueren opmaachen.

Och während senger Zäit als éischten artisteschen Direkter vum Philharmoneschen Orchester huet den Olivier Frank en Akzent op déi zäitgenëssesch Musek gesat. Et wier wichteg, dass een Orchester sech weider entwéckelt an net just een historesche Repertoire kennt. Zum Beispill huet hien dozou bäigedroen, dass fir d'Kulturjoer 2007 den Ivo Malec beoptraagt gouf ee Stéck ze komponéieren. A mam Malec sengem “Epistola” geet d'Emissioun op en Enn.