"Den Ivan Boumans ass e ganz äifregen a villsäitege Komponist iwwer all Genren ewech. A senge bis dato ronn 150 Wierker - Kammermusek, Filmmusek, symphonesch Musek, Theaterproduktiounen, ... - beweist hien net nëmmen eng Fantasie ouni Enn, mee och eng grouss musikalesch Expressivitéit, déi hien als eng déif kënschtleresch Perséinlechkeet auszeechent." Esou begrënnt de Jury vun den ICMA säi Choix.
Beim Galaconcert fir d'Präisiwwerreechung, den 30. Abrëll zu Sevilla, wäert de Real Orquesta Sinfonica de Sevilla ënner der Leedung vum John Axelrod e Wierk vum Ivan Boumans opféieren.
Spezialpräisser
De Jury vun den ICMA vergëtt all Joer Spezialpräisser fir beispillhaft Karriären a virun allem u jonk Museker, déi nach am Ufank vun enger Karriär stinn, déi versprécht.
De Präis fir d'Liewenswierk geet dëst Joer un d'Pianistin Elisabeth Leonskaja, déi nach mat hirer rezenter Opnam vu Schubert-Sonaten bewisen huet, datt no esou vill Joren op der Bün Routine fir si e Friemwuert ass.
Zwee jonk Celliste kréien och e Spezialpräis: déi 20 järeg Erica Piccotti ass Young Artist of the Year, an de Philippe Schupelius kritt den Discovery Award.
16 CD-Produktiounen ausgezeechent
390 CD-Produktiounen waren dës Kéier fir den éischten Tour vun den International Classical Music Awards nominéiert. Am Laf vun deenen dräi Ofstëmmungsronnen huet de Jury - Fachleit aus Print -, Audio - a Webmedien aus 16 Länner - déi bescht Produktiounen aus 16 Kategorië gewielt. Dat geet vun der aler Musek iwwer Barock, Kammermusek, Oper, Symphonie bis bei zäitgenëssesch Musek an historesch Opnamen.
Ze ernimme sief - am Beethoven-Joer 2020 - déi nei Intégrale vun de Symphonië mam Danish Chamber Orchestra ënner der Direktioun vum Adam Fischer.
Label vum Joer 2020 ass Pentatone Classics, de Label, mat deem de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg jo enk zesummeschafft.
D'Lëscht vun den ICMA-Gewënner 2020 fënnt een ënner www.icma-info.com