Quattropole-Musekspräis Den Hervé Birolini ass de Laureat

Quattropole ass schonn als Facilitateur vun der zäitgenëssescher Konscht bekannt a vergëtt zënter 1993 all zweet Joer de Prix d'Art Robert Schuman. Elo huet och d'Musek hiren eegene Concours am Verbond vun de véier Stied Lëtzebuerg, Saarbrécken, Tréier a Metz: de Quattropole-Musikpreis. Gesicht goufen innovativ Projeten, déi beispillhaft si fir déi musikalesch Kreativitéit an der Groussregioun.

Guy Engels / cbi

Hervé-Birolini
Den Hervé Birolini kritt den éischten Quattropole-Musekspräis fir "Exartikulations" / Foto: QuattroPole 2019

Vernetzung vun de Musekszeene vun de Quattropole-Stied a Fërderung vun innovative Projeten: D'Beschreiwung vun deem, wat deen neie Quattropole-Musekspräis sollt sinn, war zimlech onverbindlech an huet d'Aufgab vun de Jury net vereinfacht, seet den Yves Stephany, Museksredakter beim radio 100,7 an ee vun den 8 Jurysmemberen.

D'Bandbreet vun de 54 Kandidature war deementspriechend grouss, vu Punk a Pop iwwer Jazz, elektronesch Musek bis bei Esoterik. Um Enn gouf et véier Finalisten: den Alexander Reiff (Tréier), de Florian Schwamborn (Saarbrécken), den Hervé Birolini (Metz) an d'Catherine Kontz (Lëtzebuerg).

Fleet Footing

Der Catherine Kontz hire "Fleet Footing" ass eng Zort akustesch-musikalesche City Guide duerch London, wou d'Komponistin lieft. Zesumme mat der Schrëftstellerin Sarah Grange hëlt se eis mat um Wee vum Floss Fleet, de gréisstendeels ënnerierdesch leeft. D'Catherine Kontz huet binaural Field Recordings mat Texten a Kompositiounen zesummegesat, déi sech duerch d'Kopfhörer och mam Nolauschterer sengem Ëmfeld vermëschen.

Power Point, Kinetik a Live-Elektronik

Den Alexander Reiff proposéiert eng Power Point Presentatioun a sengem Stéck "Pictures at an Instabition". An där Slide-Show weist hien d'Top 10 Biller vum 4. August 2017 op Instagram. Déi gi mat Perkussioun, Bassklarinett, Gei an enger Sängerin an engem Sänger vertount. De Komponist thematiséiert a kritiséiert d'Schnellliewegkeet an Iwwerflächlechkeet vu soziale Medien. "Spiegelung" heescht dem Florian Schwamborn seng Kreatioun - e Spill vu Klang a visuellen Elementer.

"Exartikulations" beschte Projet

Am Hervé Birolini sengen "Exartikulations" geet et ëm den Dialog tëscht Dänzer a Live-Elektronik an engem Raum, deen duerch eng Luucht-Zeenographie geschafe gëtt. Fir dës Kreatioun krut den Hervé Birolini den éischten Quattropole-Musekspräis.

Méi zum Thema

Curt Cobain
Rocklegend

Viru 25 Joer ass de Kurt Cobain gestuerwen. Mat 27 Joer huet de Sänger vu Seattle sech d'Liewe geholl. Bannent manner wéi dräi Joer war hie mat senger Band Nirvana zu engem weltwäite Megastar ginn.

Townes Van Zandt
Townes Van Zandt - Our Mother The Mountain

Éierlech, poetesch a batter Country-Balladen iwwer Léift, Jalousie an Trennung vum Songwriter's Songwriter. Déi evokativ Stëmm gëtt grandiéis mat Sträicher an Jazz-Flute an Zeen gesat.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen