Lëtzebuerger Pianist Den Arthur Possing an den Jazz

Den Arthur Possing weess wat hie wëll: Jazz maachen. De Pianist a Vibraphonist huet 19 Joer, steet kuerz virun der Première a virum éischte Präis. Duerno soll et op Bréissel goen. Awer net fir ëmmer.

Portrait Arthur Possing

Dem Arthur Possing seng Ambitioune leie ganz kloer am Beräich vum Jazz: "Well ech mech do perséinlech méi fräi spieren, och a Richtung eege Kompositiounen." Dat wéilt net heeschen, datt hie klassesch Musek net gär hätt. "Ech gesi mech einfach net als Recital-Pianist, wéi mäi Proff, de Jean Muller."

Demo: "Invitation"

Eng vum Arthur Possing senge Kompositiounen ass op sengem neien Demo-CD ze fannen. "B16" ass e Stéck fir zwee Pianoen, benannt no engem Sall am Conservatoire. "An deem Sall stinn zwee Steinway Fligelen. Do hat ech dee gréissten Deel vun deem Stéck geschriwwen."

Um Disk "Invitation" sinn donieft Jazz-Standarden ze fannen, déi mat verschiddene Formatiounen opgeholl goufen. An eng Kompositioun vum Gittarist Gilles Grethen.

Afloss vun de Proffen

Ugefaangen huet den Arthur Possing an der Museksschoul zu Réiden. De Marc Mangen huet dee jonke Pianist an de Conservatoire a seng Jazz-Klass invitéiert. Duerno huet hie beim Jean Muller och klassesch Pianos-Course geholl. Dem Museker säin zweet Instrument ass de Vibraphon.

Wann hie säin éischte Präis um Piano an der Täsch huet, wëll den Arthur Possing op Bréissel goen. "Ech hat hei ee ganz gudde Proff: De Guy Cabay, dee lo an d'Pensioun geet. Hien ass ee belschen Jazz-Museker, dee gläichzäiteg ëmmer Proff zu Bréissel um Conservatoire war. Duerch hien hunn ech mech fir déi belsch Jazz-Zeen interesséiert."

No sengen Etude wëll de Museker zeréck op Lëtzebuerg kommen.


Audio: De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Arthur Possing

Méi zum Thema

DeLaSalle(c)LynnGoldsmith
Piano

D'franséisch Pianistin Lise de la Salle huet den 1. Februar mat de Solistes Européens an der Philharmonie gespillt. Am 100,7-Interview verstoppt si net wéi glécklech si mat hirem Beruff ass.

battistella.JPG Portrait
Musek-Produzent

De Marco Batistella jr. huet e spannende Beruff. Hien ass Produzent vu klassescher Musek. Partiture vu Wierker si fir hie genee sou wichteg, wéi Mikroen. 2015 huet hie ronn 60 Opname gemaach.

chris maas.jpg
Lëtzebuerger Drummer

De Lëtzebuerger Chris Maas ass fräiberuffleche Museker, deen zu London Perkussioun studéiert huet a mëttlerweil mat weltbekannte Bands ënnerwee ass.100,7-Interview mam talentéierte Batteur.

Greg Lamy.jpg
Nei CD vun de Gittariste Greg Lamy a Paulo Simoes

Elektresch an akustesch Gittaren treffen openeen. Ze héiere sinn nei Arrangementer vu Standarde wéi “Insensatez” vum Carlos Jobim oder “Days of Wine & Roses” vum Henry Mancini, an och eege Stécker.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen