Verschidde Leit wieren der Meenung, datt elo vill Koppelen auserneeginn, well si am Confinement méi Zäit matenee verbréngen, seet de Philippe Demart, deen "Half of March" geschriwwen huet. Bei him a senger Fra wier dat de Géigendeel, "well mir mol Zäit hu fir déi Gespréicher ze féieren, déi mir soss am Alldag net esou féiere kënnen." Dat wier dat Positiivt, wat si fir sech kéinten aus der Kris zéien.
Duerch den Optrag hätten d'Museker sech forcéiert, fir fir déi éischte Kéier hir Instrumenter all selwer bei sech doheem opzehuelen, seet de Batteur Christophe Demart. Normalerweis géif dat zesummen, live am Proufsall geschéien.
Bei dëser Manéier ze schaffen, misst een ëmmer eng Decisioun huelen, fir deen nächste Museker, deen de Projet kritt. "Du hues guer keng Kontroll doriwwer, wat déi aner maachen." Dës Manéier fir ze schaffe wier ganz interessant, seet de Philippe.
Si hätten duerch dëse Prozess och geléiert, datt manner méi ass. D'Batterie wier an engem klenge Raum mat zwee Mikroen opgeholl ginn. "Si kléngt sou cool, wéi se virdru mat zéng Mikroen definitiv net geklongen huet", seet de Philippe.
D'Musekmaachen am Proufsall géif hinne feelen, seet de Christophe. "A sech einfach gesinn, well et ass dat, wat d'Band fir eis ausmécht." Musek wier fir si en Hobby, awer en Häerzenshobby. Wéini si nees kéinten zesumme spillen, géif dovun ofhänken, wéini de Rocklab seng Proufsäll nees géif opmaachen.
Dat ganzt Gespréich mat Autumn Sweater