Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen neie Chef vum OPL

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

Deen neie Chef vum OPL

De Gustav Mahler wäert eng wichteg Roll am Gustavo Gimeno senger Aarbecht mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillen. De geléierte Perkussionist kennt de Grand-Duché scho ganz gutt.

auto_stories

3 min

Gustavo Gimeno ©Marco Borggreve

“Ech sinn zefridden a fille mech scho richteg doheem.“, seet de Gustavo Gimeno am Interview mam radio 100,7. Deen neie Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet den Orchester bis elo eréischt zweemol dirigéiert. Awer de Kontakt mat de Museker an dem Management wier exzellent.

Zanter senger Nominatioun de 6. Juni 2014 hat de Gustavo Gimeno scho vill Geleeënheeten fir iwwer Programmen a Konzepter ze diskutéieren. Obwuel hien an deem Joer kaum zu Lëtzebuerg war, hätt hie séier gemierkt wéi wichteg d’Philharmonie an den OPL fir d’Land wieren.

Relatioun zu Lëtzebuerg

Als laangjärege Paukespiller am Concertgebouw Orchester zu Amsterdam war de Gustavo Gimeno schonn als Museker an der Philharmonie. Hien hätt sech awer ni kënne virstellen, datt hie grad an deem Haus seng Carrière als Chefdirigent vun engem Orchester géif lancéieren. Mee esou wier dat a sengem Liewen: „Alles, wat an deene leschten 18 Joer geschitt ass, war net esou geplangt.“

Säin alleréischte Kontakt mat Lëtzebuerg hat de Gustavo Gimeno nach als Student. 1999 huet hie beim internationalen Perkussiounsconcours am Stater Conservatoire matgemaach. Hie kéint sech nach gutt un dës Zäit erënneren. Duerno war hien nach emol als Member vum European Union Youth Orchestra zu Lëtzebuerg. An zu Amsterdam hat de Gustavo Gimeno a senger Perkussiounsklass och Kollegen aus dem Grand-Duché.

Dem Dirigent seng éischt Saison mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg steet ënnert dem Motto „Éischt Symphonien“. Vill vun de Wierker, déi de Gustavo Gimeno um Programm huet, wäert hien effektiv fir d’éischt a senger nach jonker Carrière dirigéieren. E Bléck an d’Geschicht vum Orchester seet him, datt dat och dem OPL géif guttdoen. Vill vun dëse Wierker goufe laang net méi gespillt. Deemno ass et eng gutt Geleeënheet, een neie Bléck op dës Symphonien ze werfen.

Schwéierpunkt Mahler

Den Ufank mécht déi éischt Symphonie vum Gustav Mahler, déi de Gustavo Gimeno als Orchestermuseker natierlech gutt kennt. De Mahler géif zur DNA vum Concertgebouw Orchester gehéieren. An hie selwer hätt och de Mahler am Blutt.

Mahler ze dirigéieren ass allerdéngs keng einfach Geschicht, well de Komponist selwer schonn esouvill präzis Indikatiounen a seng Partituren ageschriwwen huet. Fir de Gustavo Gimeno ginn et do zwou Approchen. Et seet een dem Komponist Merci, well hie vill praktesch Problemer léist. Oder et gesäit een d’Symphonien als ee Buch – ouni definitiv Äntwerten. De Komponist proposéiert just eng ganz Rëtsch Méiglechkeeten. Um Enn ass et déi eege Perséinlechkeet, déi sech muss duerchsetzen. De Gustav Mahler wäert – nieft der zäitgenëssescher Musek – ee vun de Schwéierpunkten vum neie Chef senger Aarbecht mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ginn.

 

Audio:
Interview vum Guy Engels mam Gustavo Gimeno