De Lëtzebuerger Kënschtler Steve Kaspar ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen. Hien huet no Lëtzebuerg laang an England an an der Belsch gelieft, wou hie als Moler extrem produktiv war.
D'Galerie Nosbaum Reding hat am Mäerz eng Ausstellung mat Zeechnunge vum Kënschtler geplangt, déi wéinst dem Confinement net konnt visitéiert ginn. D'Wierker kann een um Site vun der Galerie gesinn.
D'Kerstin Thalau hat de Steve Kaspar am Abrëll an der Galerie getraff.
Op engem Konschtfestival a Südfrankräich hat hien an den 1980er den argentinesch-däitsche Komponist Mauricio Kagel kennegeléiert, deen hien a seng Kompositiounsklass fir den neie Musektheater zu Köln opgeholl huet.
Zanter 1997 war de Steve Kaspar nees zu Lëtzebuerg an hat sech séier en Numm mat experimentelle Sound- a Videoinstallatioune gemaach. Heefeg huet hie mat aneren Artiste kollaboréiert, ënner anerem mat der Akkordeonistin Nataša Grujov, dem Ensembel Lucilin oder der Butoh-Dänzerin Yuko Kominami.
Zu sengem Wierk gehéiert den CD-Box Set "Soundfields", deen um belsche Label Subrosa verëffentlecht gouf.
Am Dezember 2015 hat de Steve Kaspar eng Session am Studio vum radio 100,7 gespillt, déi Emissioun kënnt Dir hei drënner lauschteren.