Radioen

On air

Al Schanken  |  Eliza Gilkyson - Peace In Our Hearts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: E Monument vum Sampling

The Winstons - Amen, Brother

Sample vun der Woch: E Monument vum Sampling

Den Amen Break huet ganz Generatioune vun Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.

auto_stories

3 min

De Bobby Bieles huet soulaang wéi méiglech probéiert dem Theema aus dem Wee ze goen, mee hie kënnt net méi dolaanscht a muss iwwer den Amen Break schwätzen. Et ass e Monument vum Sampling, dëse Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.

Den Amen Break staamt vum Lidd "Amen, Brother" vun de Winstons, eng amerikanesch 1960er Funk- a Soulmuseksgrupp, vu Washington an den USA. Hir Plack "Color Him Father" gouf iwwer eng Millioun Mol verkaf an huet och 1969 e Grammy Award fir dee beschte Rhythm and Blues Song gewonnen. Den Amen-Break ass bei enger Minutt a 26 Sekonnen ze héieren, en ass 5,2 Sekonnen laang a gespillt vum Gregory C. Coleman. Hie spillt seng Drums absichtlech ganz e bëssen niewen dem Beat, wat sengem Break en enormen funky Touch gëtt. D'Lidd ass bei senger Sortie relativ ënnergaangen, mee et koum 1986 als Deel vun der Kompilatioun "Ultimate Breaks and Beats" nei eraus. Dës Period huet plus ou moins mat der Sortie vun den éischte Sampler iwwertenee gestëmmt an esou koum et dozou, datt onendlech vill Raplidder ugefaangen hunn den Amen-Break als Basis fir hir Lidder ze benotzen. De Break ass original 135BPM séier, mee wann een d'Plack vu 45 op 33 Toure per Minutt erofpitcht, dann ass et déi perfekt Perkussioun fir doriwwer ze rappen.

Eng vun den éischte Gruppen, déi de Sample benotzt hunn, ware Mantronix mat hirem Old School Hit "King of the Beats". Kuerz drop koumen NWA mat hirem Hit "Straight Outta Compton" eraus.

An England gouf den Amen-Break ganz anescht benotzt. Kënschtler aus der Breakbeat-, Hardcore- oder Rave-Zeen hunn de Sample vill méi séier gespillt an esou sinn zum Beispill esou Saache wéi "Firestarter" vun The Prodigy am Joer 1996 entstanen.

De Sample huet och seng Plaz an der Popkultur fonnt, wéi zum Beispill mat der Amy Winehouse an hirem "You Know I'm No Good".

Mee den Héichpunkt vum Amen-Break gouf warscheinlech mat Jungle an Drum and Bass erreecht. Ouni dëse Break hätt dee Museksgenre warscheinlech ganz anescht ausgesinn. Zum Beispill den DJ Zinc a säi "Super Sharp Shooter".

The Winstons hu bis viru Kuerzem net een Euro u Royalties mat hirem Break verdéngt, an den Drummer ass eleng an als Sans-abri gestuerwen. 2006 gouf op Internet e Crowdfunding gestart fir de Memberen dat auszebezuelen, wat hinnen zousteet. Si hu warscheinlech iwwer 20.000 Dollar kritt a si mëttlerweil och an der North Carolina Music Hall of Fame ze gesinn.