De Rocklab, fréier Centre de Ressources vun der Rockhal, bleift och a Confinements-Zäiten aktiv. Normalerweis fënnt een an der Rocklab-Offer alles, wat een esou muss wëssen a kënnen, fir Musek ze maachen, op eng Bün ze klammen oder säi Projet ënner d'Leit ze bréngen.
Ee groussen Deel vun dëser Offer ass elo Online gewandert, wat vill Membere begréissen, esou de Sam Reinard, Direkter vum Rocklab
"Vill Leit si frou, datt si elo wichteg Informatiounen einfach noschloe kënnen. Firwat déi virdrun éischter a Workshoppen oder Rencontere verpaakt waren ... wéinst dem perséinleche Kontakt, an der Méiglechkeet, direkt Froen ze stellen."
Och eng Rei Videoen, zum Deel aus Konferenze vum Sonic-Visions Festival zesummegeschnidden, ginn Instruktiounen zu deene verschiddenste Sujeten: vun instrumentaler Spilltechnik bis zu Online-Marketing.
D'Employéë vum Rocklab sinn doriwwer eraus fir weider Froen iwwer Telefon an E-mail ze erreechen. Dem Musekmaachen dierft also näischt méi am Wee stoen!
Lauschtert dem Yves Stephany säi Gespréich mam Sam Reinard.