Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Quintett läit eis all um Häerz"

Interview mat der Flüttistin Aniela Stoffels

"De Quintett läit eis all um Häerz"

Am Summer 2011 hat de Bléiserquintett pentaTon säin éischten Optrëtt. Zanterhier hunn déi fënnef Museker sech schonn eng zolitt Renommée gemaach. De Freideg 8. Januar spillt pentaTon an der Abtei Neimënster. Ee Member vum Quintett ass d’Flüttistin Aniela Stoffels, déi no hire Studien am Stater Conservatoire op d’Musekhéichschoul vun Zürich gaangen ass. Antëscht huet d’Aniela Stoffels hiren Ofschloss an enseignéiert selwer am Stater Conservatoire.

auto_stories

3 min

D'Aniela Stoffels, an der Mëtt vum Bléiserquintett pentaTon (©Tomasz Trzebiatowski)

D’Aniela Stoffels interesséiert sech staark fir zäitgenëssesch Musek, ee Repertoire, no deem se och d’Meeschtercoursen ausgesicht huet, déi se matgemaach hat. Esou ass se och a Kontakt mam Mathias Ziegler komm, dee Professer zu Zürich ass. D'Décisioun fir de Studium an der Schwäiz war gefall.

De Studium zu Zürich huet sech duerch d’Orientatioun op déi Nei Musek wiesentlech vun der klassescher, franséischer  Flütteschoul ënnerscheed, déi Generatioune vu Museker geprägt huet. D’Aniela Stoffels mierkt haut selwer, wéi staark de Studium och si an hirer Aarbecht am Conservatoire beaflosst. Et wier allerdéngs schwéier, Jugendlecher fir zäitgenëssesch Musek ze begeeschteren, "mee bei de Schüler vum ieweschten Niveau spillt des Literatur eng wichteg Roll."

Pädagogesch Projeten

pentaTon, dat si fënnef Téin, fënnef Bléiser. D'Aniela Stoffels (Flütt), d'Dominique Steiner (Hautbois), de Ramon Imlig (Cor), de Philipp Hösli (Fagott) an de Nicola Katz (Klarinett) hu sech zum Deel iwwer de Jugendsymphonieorchester vun der Schwäiz kenne geléiert, wou d’Aniela Stoffels Soloflüttistin war. Iwwer sechs Ecken hu sech Bekanntschaften an zanter laangem scho Frëndschaften entwéckelt.

Originalliteratur fir Bléiserquintett ass éischter eng Raritéit. Nieft de Klassiker Antonin Reicha a Franz Danzi hunn ënnert anerem de Jean Françaix an den Edward Elgar speziell fir des Formatioun geschriwwen. pentaTon gräift deemno vill op Adaptatiounen zeréck.

Nieft de klasseschen Concerten mécht de Quintett och ee pädagogesche Projet, deen en zesumme mam Schwäizer Regisseur Rafael Bachmann entwéckelt huet. "Vill Kanner kommen ni a Kontakt mat Musek", seet d’Aniela Stoffels. Duerfir ass des Aktivitéit wichteg, "fir datt Musek net aus dem Liewe verschwënnt".

Och scho vum Pierre Boulez dirigéiert

pentaTon ass antëscht an der Schwäiz schonn ee Begrëff zanter den Ensemble  2012 "artist in residence" beim Festival Ticino Musica war. "Eng  flott Erfahrung am Tessin", erënnert sech d’Aniela Stoffels. Net manner spannend war hir Zäit bei der Lucerne Festival Academy 2012 an  2014, wou se ënnert der Leedung vum Pierre Boulez gespillt huet. "Dat war fir mech ee vu mengen Héichpunkten“ – d’Begeeschterung vun engem Mann z'erliewen, fir deen et nach ëmmer eng Erfëllung ass wa seng Musek gespillt gëtt. Och an Zukunft wäert d’Aniela Stoffels probéiere bei Projete ronderëm de Lucerne Festival derbäi ze sinn.

Am Ablack läit hire Fokus awer op hirer Aarbecht am Stater Conservatoire, als Flüttistin beim Lëtzebuerger Kammerorchester a bei pentaTon, absënns, wou den Ensemble vill Engagementer huet an och un der éischter CD plangt.

Lauschtert d'Aniela Stoffels am Gespréich mam Guy Engels: